Stäreschnäize-Nuecht: D’Orioniden erreechen hire Maximum

An der éischter Oktober-Hallschent hate mir et mam Meteorstroum vun den Draconiden ze dinn. Elo sinn d’Orioniden un der Rei, déi elo dës Nuecht hire Maximum erreechen.

Advertisement

Stäreschnäizen duerch den Halleysche Koméit

D’Orioniden gehéieren zu de 5 aktivste Meteorstréim déi et ginn. Wärend dem Oktober flitt d’Ärd duerch d’Stëbswolléck vum Halleysche Koméit, wouduerch dës Stäreschnäize siichtbar ginn. Kleng Partikelen trieden an d’Äerdatmosphär an a vergléien opgrond vun hirer héijer Vitesse, déi bis zu 60 Kilometer an der Sekonn kann erreechen.

D’Orionide sinn tëscht dem 2. Oktober an dem 7. November ze gesinn. An der Nuecht op de Samsden, 21. Oktober, ass de Maximum ze erwaarden – do kënnen an der Moyenne 20 Examplarer an der Stonn iwwert den Himmel huschen. Déi bescht Konditioune fir se ze beobachten huet een, wann ee sech wäit ausserhalb vun enger Uertschaft, Stad oder engem Duerf histellt – generell wäit fort vun all gréisserer Liichtquell. D’Aen brauche 15 bis 20 Minutten, fir sech ganz un d’Däischtert ze gewinnen.

Wouhi muss ech kucken?

De Radiant vun den Orioniden geet eréischt géint 22:45 Auer op. Ënnert dem Radiant versteet een deen Punkt um Himmel, aus dem d’Stäreschnäizen ze komme schéngen. Géint 1 Auer steet en ongeféier 23° iwwert dem Horizont am Osten. Dobäi kann ee sech um relativ helle Stär (Beteigeuze) orientéieren. Kuerz viru 6 Auer muer de Moien erreecht de Radiant säin héchste Punkt um Himmel a steet héich iwwert dem Süden.

Wéi ass et mam Wieder?

An der Nuecht zéie nach eng Partie Wolleken duerch, lokal ass och eng liicht Schauer dran. Dotëscht sinn awer och heiansdo Wollekelächer ze fannen. Et sinn also net déi ideal Konditiounen, mee mat vill Chance gesäit een dann fläit awer mol déi eng oder aner Stäreschnäiz iwwert den Himmel sausen.