Stäreschnäizen: D’Orioniden erreeche geschwënn hire Maximum

Koméit, Polarliichter an elo och nach Stäreschnäizen: De Stroum vun den Draconiden war bis den 10. Oktober ze gesinn, elo sinn d’Orioniden un der Rei. Dës erreechen deemnächst och hire Maximum.

Advertisement

Stäreschnäizen duerch den Halleysche Koméit

D’Orioniden gehéieren zu de 5 aktivste Meteorstréim déi et ginn. Wärend dem Oktober flitt d’Ärd duerch d’Stëbswolléck vum Halleysche Koméit, wouduerch dës Stäreschnäize siichtbar ginn. Kleng Partikelen trieden an d’Äerdatmosphär an a vergléien opgrond vun hirer héijer Vitesse, déi bis zu 60 Kilometer an der Sekonn kann erreechen.

D’Orionide sinn tëscht dem 2. Oktober an dem 7. November ze gesinn. An der Nuecht op de Méinden, 21. Oktober, ass de Maximum ze erwaarden – do kënnen an der Moyenne 20 Examplarer an der Stonn iwwert den Himmel huschen. Déi bescht Konditioune fir se ze beobachten huet een, wann ee sech wäit ausserhalb vun enger Uertschaft, Stad oder engem Duerf histellt – generell wäit fort vun all gréisserer Liichtquell. D’Aen brauche 15 bis 20 Minutten, fir sech ganz un d’Däischtert ze gewinnen.

Wouhi muss ech kucken?

De Radiant vun den Orioniden geet eréischt géint 22:55 Auer op. Ënnert dem Radiant versteet een deen Punkt um Himmel, aus dem d’Stäreschnäizen ze komme schéngen. Géint 1 Auer steet en ongeféier 20° iwwert dem Horizont am Osten. Dobäi kann ee sech um relativ helle Stär (Betelgeuze) orientéieren. Kuerz viru 5 Auer moies erreecht de Radiant säin héchste Punkt um Himmel a steet héich iwwert dem Süden.

D’Orioniden sinn also elo schonn ze gesinn, wat duerch déi aktuell Wiederkonditiounen awer net esou liicht ass. Och déi nächst Nuechten erweise sech als zimmlech schwiereg, fläit gëtt et an där op e Samschden eng liicht besser Chance.