Stäreschnäizen: Lyriden areechen dës Nuecht hire Maximum

D’Lyride sinn all Joers tëschent dem 16. a 25. Abrëll aktiv. De Maximum gëtt an der Nuecht op den Dënschden (22. Abrëll op den 23. Abrëll) erwaart.

Bis zu 50 km/Sekonn…

…dat ass d’Vitesse, mat där d’Partiklen aus dem Weltall an eis Atmosphär andréngen a vergléien. Bis zu 20 Stäreschnäize kann een an der Nuecht vum Ouschterméinden op den Dënschde gesinn, mat Chance awer och e puer méi. Déi tatsächlech Unzuel variiéiert vu Joer zu Joer.

D’Lyride staamen aus dem Stärebild Lyra (Leier). D’Stärebild geet um spéideren Owend am Nordosten op a wandert bis an de fréien Dënschdemoien hin ëmmer méi héich an den Himmel a südlecher Richtung. Déi bescht Zäit vir d’Stäreschnäizen ze kucken ass dohier och ab ongeféier 3 Auer Moies an dauert bis kuerz ier d’Sonn opgeet.

Wéi gëtt d’Wieder?

An der Nuecht souwéi och um fréien Dënschdemoie sinn héchstens e puer héich an dënn Schleierwollécken ënnerwee. D’Siicht an den Himmel dierft also zimmlech gutt sinn, wann ee net grad vun engem Dall aus kuckt – do kéint sech nämlech demno wéi Niwwel forméieren.

D’Temperature falen op 11 bis 5 Grad. Op eenzelne Plazen, wéi eben Däller, kann et lokal op 4 bis 2 Grad eroofgoen.