Stäreschnäizen-Nuecht: Wéi gesäit et mam Wieder aus? En Update

An engem Artikel e vergaangenen Dënschden hate mir eis d’Eenzelheeten zu de Perseiden jo schonn ugekuckt. Fir déi nächst Nuecht ass de Maximum ze erwaarden, also kucke mir eis déi momentan Wieder-Aussiichte nach eng Kéier méi genee un.

Advertisement

Op d’Wieder kënnt et un

D’Perseiden zielen zu de beandrockendste Meteorstréim am Joer, ënner excellente Konditioune wieren esouguer ëm 100 Stäreschnäizen d’Stonn ze gesinn, wann een dann op Zack ass. Fir de Mënsch ass et éischter schwiereg “se all” ze beobachten, mee ëm dat geet et an dësem Artikel net wierklech. Mir kucken eis elo un, ob d’Wieder iwwerhaapt an dëser Nuecht matspillt.

An dëser Nuecht bleift et mat gréisserer Warscheinlechkeet mol dréchen, mee leider ass den Himmel och net ganz kloer. Et si Wolleken ënnerwee, woubäi awer heiansdo mol dotëscht e puer Lächer ze erwaarde sinn. Bis an de fréie Sonndemoien era ginn d’Temperaturen op e Minimum vun tëscht 12 a 15 Grad zréck – immens kal gëtt et also net, mee e Pullover oder eng dënn Jackett wier schonn mol net schlecht.

Dës net grad perfekt Wiederkonditioune sinn awer elo net besonnesch schlëmm, well d’Stäreschnäizen jo net abrupt no där Nuecht ophalen ze falen. An der Nuecht op de Méinde sinn aus momentaner Siicht gesinn däitlech manner Wolleken ënnerwee an eng Vue an den Himmel wier schonn mol méi liicht. De Maximum vum Perseide-Meteorstroum wier zwar dann ëmt een Hoer schonn laanscht, an trotzdeem gesäit een der ëmmer nach e ganze Koup. Ofgesi vum Wieder bitt sech dofir eng Plaz an engem stackdäischtere Feld un, iwwerdeems ee sech a Richtung Norden/Nordosten orientéiert.

De ganzen Détail zu de Perseiden a wéi een se ka kucken fannt Dir an dësem Artikel.