Stalybridge an England: Staarken Tornado huet an der Nuecht grousse Schued ugeriicht

An der leschter Nuecht krut England de Stuerm GERRIT ze spieren, deen och eng kräfteg Donnerwiederlinn mat sech bruecht huet. An dëser Linn hat sech e staarken Tornado forméiert.

Titelbild: Sky News (lénks)

Advertisement

Advertisement

Tornado bei Manchester

Géint 00:05 Auer an der Nuecht war zu Stalybridge, ëstlech vu Manchester an England, e staarken Tornado aktiv. Dësen huet fir immense Schued un Haiser a Gefierer gesuergt. Entwéckelt hat e sech un enger Superzell, déi sech un der südlecher Säit vun enger Donnerwiederlinn orientéiert hat. Hei gesäit een eng dofir typesch Signatur um Radar:

Den Tornado huet méi wéi 100 Haiser beschiedegt, dausende vu Leit waren ouni Stroum. Bis ewell goufen iwwerraschenderweis keng Blesséierter gemellt. D’Awunner, déi vum Phänomen erzielen, schwätze vun enger gudder hallwer Minutt an där de Wand op eemol immens zolidd opgedréint hat. An dësem Moment wiere vill Diecher ofgedeckt a Beem ëmgeknéckt ginn. D’Vibratioune vum Wand wieren an de Fënsteren ze spiere gewiescht.


Foto vu Stalybridge, Manchester, England | Copyright: Sky News

Wéi een op dëser Foto gesäit, goufe verschidden Haiser schwéier beschiedegt. D’Wandvitesse gëtt op tëscht 220 an 257 km/h geschat, wat also net wäit ewech ass vun de Vitessen, déi beim Tornado am Raum Péiteng de 9. August 2019 opgetruede sinn. Domat ass et fir England de stäerksten Tornado zanter 17 Joer.