Stierm: Schnellupdate vun de Warnungen a Virwarnungen

E neie Moien ass ugebrach, Zäit fir kuerz op déi neist Berechnungen anzegoen.

Éischt Stuermfeld (haut den Owend)

D’Situatioun fir de Stuerm, deen eis vun haut den Owend u bis muer erwaart, ass zimmlech sécher. Wann een déi aktuell Modeller zesummegehäit, da kënnt een ëmmer nach an engem Beräich vun tëscht 75 a 90 km/h eraus. Am Fall vun méi kräftege Nidderschléi, déi och mol méiglech sinn, kann et ënner Ëmstänn zu nach méi héije Vitesse vun ëm 105 km/h oder eventuell driwwer kommen. Dës méi héich Vitesse sinn awer definitiv eng Ausnam, mee ebe net komplett onméiglech. De Maximum ass fir tëscht den Owend 23 Auer a muer de Moie fréi 4 Auer ze erwaarden, mee och duerno bleift de Wand aktiv.

D’Virwarnung vum Méindemëtten ass an de leschte Minutten op eng Akutwarnung vun der gieler Stuf eropgestuuft ginn.

Zweet Stuermfeld (Freidenomëtten-/Owend)

Och d’Kaarte fir de Freide sinn amgaange sech ze konkretiséieren. Vum Nomëtten un ass viraussiichtlech mat éischte warnrelevante Wandvitesse vu bis zu 75 km/h ze rechnen, déi a Richtung spéidere Nomëtte séier zouhuele kënnen. De Maximum soll viraussiichtlech tëscht 18 an 21 Auer optrieden, dat mat Spëtzte vun tëscht 75 a 95 km/h. Och hei gëllt erëm: am Fall vu méi kräftege Schaueren/Nidderschléi sinn erëm orkanaarteg Wandstéiss vu bis ëm 105 km/h an driwwer net onméiglech – sollt awer erëm eng Ausnam sinn.

Virun e puer Minutten ass eng Virwarnung aktivéiert ginn.

Am Laf vum Dag kënnt nach de geneeë Fuerplang iwwert de Stuerm vun haut den Owend/dëser Nuecht