Stuerm: De Fuerplang fir den Owend & d’Nuecht

Mir hunn eis an de leschte Stonnen an Deeg vill verschidde Modellrechnungen ugekuckt. Elo gëtt et Zäit, e Fazit ze zéien.

An dësem Artikel probéieren ech esou gutt et geet zesummenzefaasse wat d’Modellrechnungen aus de leschte Stonnen erginn hunn a soumat e gréngen Zweig ze definéieren. Elo hei am éischten Abschnitt géif ech awer och schonn gären erwäänen, dass dat Schlëmmst definitiv nërdlech u Lëtzebuerg laanschtrausche wäert – wéi jo och schonn an de leschten Deeg ugedeit.

An trotzdeem sollt een de Wand zu Lëtzebuerg fir déi nächst Stonnen an Deeg net aus den Aen loossen. Hei ass de Fuerplang fir den éischte Stuerm, deen eis vun den Owend un erwaart a bis muer an den Donneschdemëtten era begleet. Dat zweet Stuermfeld thematiséiere mir an engem aneren Artikel.

Den zäitlechen Oflaf

Schonn am Laf vum Mëttwochnomëtte kënnt et zu éischte spierbare Wandstéiss, déi duerchaus schonn mol Vitesse vun tëscht 40 a 65 km/h erreeche kënnen. A Richtung Owend gëtt et dann weiderhi méi lefteg, well d’Stuermfeld zu dësem Zäitpunkt schonn déi belsch an hollännesch Küst wäert erreecht hunn. Déi éischt Vitesse vu bis ëm 75 km/h sinn zu Lëtzebuerg ze erwaarden, Zäitpunkt +/- 21 Auer. Duerno geet et zimmlech séier: de Maximum vum Wand soll tëscht 23 a 4 Auer optrieden, dat mat engem allgemenge Beräich vun tëscht 75 a 90 km/h, op exponéierte Plaze sinn och mol bis 95 km/h net ausgeschloss.


D’Wandvitesse, wéi se vum amerikanesche GFS berechent ginn | Grafik: wxcharts.com

Den een oder anere Modell wëll et och net als onméiglech astuufen, dass eis géint Mëtternuecht och deels méi kräfteg Nidderschléi erreeche kënnen. Am Beräich vun dëse besteet e klenge Risk vun orkanaartege Wandstéiss vu bis an de Beräich vun den 105 km/h. Dës “vertikal Impulstransporter” sollten awer eng absolut Ausnam representéiere, soudass ee sech haaptsächlech op déi hei driwwer genannt Spaan vun de Vitesse fixéiere sollt.


D’Wandvitesse, wéi se vum däitschen ICON berechent ginn | Grafik: wxcharts.com

Wärend der zweeter Hallschent vun der Nuecht zéie sech d’Nidderschléi gréisstendeels a Richtung Westdäitschland zréck, de Wand bleift awer op alle Fall weiderhi spierbar. Schwéier Stuermstéiss vu bis zu 90/95 km/h wäerte, wéi gesoot, bis 4 Auer moies am warscheinlechste sinn. Wa mir op den Donneschdemëtte kucke, soll de Wand zwar ëmmer nach spierbar ënnerwee sinn, mee definitiv keng 90 km/h méi erreechen. Spëtzte vun tëscht 50 a 75 km/h wieren awer ëmmer nach méiglech. Vun do aus soll sech de Wand a Richtung Nuecht op de Freide weider signifikant calméieren, ier eis am Laf vum Freidenomëtten dat nächst Stuermfeld erwaart.

Net a Bëscher spadséiere goen

Och wa mir net de Maximum vun dësem Stuerm matkréien, sinn déi virausgesote Vitessen trotzdeem markant a krazen un enger Wiederwarnung vun der oranger Stuf. Et besteet, wéi ëmmer, d’Gefor vu Beem an Äscht, déi an d’Stroosse fale kënnen. Dobäi kënnt, dass ee natierlech net zu de Stuermzäiten an de Bësch spadséiere goen. Och wann et onwarscheinlech ass, dass iergendeen an der Nuecht am Bësch ënnerwee ass: och um Donneschdemoien- a Virmëtte kënne nach Stuermstéiss optrieden, also am beschten den Openthalt do vermeiden.

Extrem Zenarien a Norddäitschland méiglech

An der gesamter Nordhallschent vun eisen däitsche Nopere sinn däitlech méi héich Vitessen ze erwaarden, déi flächendeckend op 125 km/h duergoe kënnen – dat selwecht gëlt fir Deeler vun Holland an och der Belsch. E puer extrem Zenarie mat nach méi héije Vitessen & anere Phänomener sinn och méiglech, mee dozou méi an engem spéideren Artikel.