Stuerm EUGEN: Dat erwaart eis um Dënschden

Um Dënschden zitt vun de britteschen Inselen hier d’Stuermdéif EUGEN mat sengem Kär iwwer d’Nordséi a Richtung Dänemark. Och Lëtzebuerg wäert doduerch e stiermesche Wand ze spiere kréien.

Den Oflaf

Enn der leschter Woch hunn d’Wiedermodeller ëmmer méi oft den Zenario vun engem Stuerm fir déi éischt Hallschent vun der neier Woch berechent. Am Ufank war et méi de GFS, duerno hunn dunn den ECMWF an aner Modeller nogezunn. An dësem Artikel gi mir op d’Berechnunge vun den eenzelne Modeller an.


D’Berechnung vum amerikanesche Wiedermodell GFS | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent domat, dass et schonn an der Nuecht op den Dënschden ufänkt ëmmer méi lefteg ze ginn. An der zweeter Nuetshallschent respektiv um fréien Dënschdemoie si schonn stiermesch Wandstéiss aus südwestleche Richtungen ze erwaarden, dobäi solle schonn Vitessen vun tëscht 50 a 75 km/h areecht ginn. Am weidere Verlaf vun de Stonnen, am Virmëtten, gëtt mat Vitesse vu bis ëm 85 km/h de Maximum berechent. Parallel dozou solle Nidderschléi optrieden, déi deemno wéi och e bësse méi kräfteg ausfale kéinten. Vum Nomëtten u gëtt et dann no a no manner stiermesch – de Wand bleift awer nach spierbar ënnerwee. Spéitstens vum Owend u soll de Wand net méi mat warnrelevante Vitessen ënnerwee sinn.


D’Berechnung vum europäesche Wiedermodell ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Den europäeschen ECMWF gesäit dee ganzen Zenario e bësse méi intensiv, op mannst wat de Wand selwer ugeet. Genee wéi de GFS gëtt et schonn an der fréier Nuecht op den Dënschden ëmmer méi lefteg zu Lëtzebuerg. Um fréie Moie si Spëtzevitesse vu bis zu 75 km/h ze erwaarden, ier et am Virmëtte séier a Richtung 85 km/h goe wäert. De Maximum rechent dëse Modell fir de fréie Mëtten, also e bësse méi spéit wéi de GFS. Dobäi solle Maximalvitesse vun tëscht 70 a 90 km/h optrieden, am Fall vun enger méi staarker Schauer ass och mol eppes driwwer net ausgeschloss.


D’Berechnung vum däitsche Wiedermodell ICON | Grafik: wxcharts.com

Den héichopléisenden däitschen ICON gesäit dëst alles ganz änlech. Vun der Nuecht op den Dënschden u gëtt et spierbar méi lefteg, ier da géint 7 Auer déi éischt stiermesch Wandstéiss sollen optrieden. Vun do aus intensivéiert sech dat ganzt bis an de fréie Mëtten eran, fir deen Vitesse vu bis zu 90 km/h simuléiert ginn. Dëst soll bis an de fréie Nomëtten unhalen, ier et vu géint 15 Auer un a klenge Schrëtt manner stiermesch gëtt. Spéitstens um spéideren Owend wiere keng warnrelevant Vitesse méi ze erwaarden.


D’Berechnung vum franséische Wiedermodell ARPEGE | Grafik: wxcharts.com

Dee Modell deen dat ganzt e gutt Stéck manner intensiv gesäit ass de franséischen ARPEGE. Zwar passen déi zäitlech Stéchpunkter bal (!) genee mat denen anere Modeller iwwerteneen, just sollen d’Vitesse net esou héich ausfalen. Dëse Modell rechent mat héchstens ëm 80 km/h, dat eng Kéier um fréie Moien (géint 5/6 Auer) an duerno nach eng Kéier am spéidere Nomëtten. Sou wéi déi aner Modeller och soll de Wand dann vum spéidere Nomëtten u séier méi schwaach ginn.

Fazit

Als Fazit zéie kann een, dass déi héchst Spëtzten um Dënschden héchstwarscheinlech am spéidere Virmëtten/fréie Mëtten ze erwaarde sinn. Déi héchst Vitesse sollen dobäi tëscht 70 a 90 km/h leien a sollten dëse Beräich just ënner Ëmstänn (am Fall vun enger méi staarker Schauer z.B) iwwertreffe kënnen. Mat dobäi wäert de meeschte Nidderschlag wuel schonn an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op den Dënschde falen, ier dann um Dënschde selwer (am Nomëtten) weider Schaueren optriede kënnen, mee dat net méi esou flächendeckend. Gro bleift et awer meeschtens.