Stuerm FREDERICO: Gréissere Schued a Frankräich, Wandfeld passéiert eis knapp südlech

De FREDERICO ass wéi geplangt a Frankräich ukomm a schafft sech an de nächste Stonne weider a Richtung Osten. D’Wandfeld schrammt knapp südlech un eis laanscht.

De FREDERICO deckt Diecher of an dréckt Fënsteren an

De FREDERICO ass zanter de Moien am Weste vu Frankräich ukomm a schafft sech elo weider a Richtung Osten. An der leschter Stonn, also tëscht 14 a 15 Auer, gouf zu Clermont-Ferrand am Département Puy-de-Dôme, e schwéieren Orkanstouss vun 126 km/h gemooss. Genee do ass och dëse Video entstanen:

… an och dësen:

Déi nächst Stonnen

An de nächste Stonnen zitt de Kär vum Randdéif a Richtung äusserste Südoste vun Däitschland, wat heescht, dass en och ganz knapp südlech u Lëtzebuerg laanschtschrammt. Dëst ass awer och kee Problem, well d’Wandfeld vu Stuermdéifer ëmmer e Stéck méi wäit südlech vum Kär nogeschleeft ginn. Eng Stuermgefor besteet bei eis also net, anescht awer fir d’Mëtt vu Frankräich, Deeler vun der Schwäiz, de ganzen äusserste Süde vun Däitschland an eventuell esouguer déi westlech Deeler vun Éisträich.


De Parcours vum Wandfeld bis muer de Moie fréi | Animatioun: wxcharts.com

Am Flaachland ass mat Vitesse vun tëscht 70 an 100 km/h ze rechnen, op de Koppen däitlech driwwer. Wat d’Bierger an den Alpen betrëfft kënnen och mol 150 km/h optrieden, mee dat ass bei Stuermdéifer näischt aussergewéinleches.