Stuerm JOCELYN iwwert de britteschen Inselen: Wéi wäert e Lëtzebuerg beaflossen?

E kräftegt Stuermdéif, wat vun de britteschen Inselen aus a Richtung Skandinavien zitt, suergt haut fir de stramme Wand. Fir e Mëttwoch steet eng änlech Situatioun un. Dës kucke mir eis elo méi genee un.

Nom ISHA kënnt de Stuerm JOCELYN

De brittesche Wiederdéngscht Met Office huet fir haut fir grouss Deeler vun de britteschen Inselen Warnungen ausgesprach, plazeweis esouguer déi héchst rout. Obwuel de Kär vum Stuerm esou wäit nërdlech vun eis laanschzitt, kréie mir e klengen Deel dovun awer och hei schonn e puer Stonne laang ze spieren. Eng ausgewuesse Stuermlag ass dat, wéi mir mierken, heiheem awer net.


Op dëser Animatioun gesäit ee gutt, wéi déi zwee Stierm iwwer England an Irland ewechzéien | Animatioun: wxcharts.com

Eng änlech Situatioun steet eis fir e Mëttwoch un, dat well sech e weidere Stuerm op déi brittesch Inselen duerbeweegt. Dës Kéier ass et d’Jocelyn, wat mat sengem Kär nërdlech un den Insele wäert laanschtzéien. Säi Wand beaflosst awer gréisser Gebitter, an dat bis an de Westen/Mëtt vun Europa eran.

De viraussiichtleche Verlaf

Och fir e Mëttwoch steet eis keen ausgewuessene Stuerm an d’Haus – an awer kann et bei eis, op d’mannst kuerzzäiteg, fir e stramme Wand duergoen. Zumools vu Mëtternuecht un bis an de Virmëtten eran sinn de Modeller no Vitesse vun tëscht 50 a 70 km/h ze erwaarden, punktuell wier och eppes liichtes driwwer net ganz ausgeschloss.

Wa d’Saach awer elo ausgesäit, schéngt de Wand e gudden Tick manner spierbar ze ginn wéi haut. Am grousse Ganzen dréit et awer a gewësser Aart a Weis dem net all ze agréable Wieder bäi.

Däitlech méi markant gëtt et un de Nordséiküsten – also och un de belschen an hollännesche Plagen. Och am Nordweste vun Däitschland wëllen d’Modeller schwéier Stuermstéiss vu 85 bis 115 km/h net ausschléissen.