Stuerm: Modeller mat uerge Berechnunge fir de Freiden

Nodeems mir de viraussiichtleche Oflaf vum Stuerm, deen eis an der Nuecht op den Donneschden erwaart, an engem aneren Artikel gekläert hunn, geet et elo ëmt de méi zolitten Zenario fir de Freiden.

Stuerm-Serie geet virun

De Stuerm, deen eis an der Nuecht op den Donneschden erwaart, wäert net den eenzege bleiwen. Schonn am Laf vum Freide kënnegt sech dat nächst Stuermfeld un – och Lëtzebuerg geréit an den Aflossberäich dovun.

Fir d’éischt zu de Berechnunge fir eist Land. Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent fir de Freidemëtte schonn mat engem spierbar opfrëschende Wand, an de Spëtzte wiere schonn bis ëm 70 km/h net ausgeschloss. Wann ee parallel dozou den ECMWF kuckt, da si sech d’Modeller zimmlech doriwwer eenz. Stiermesch soll et vum Nomëtten u ginn, de GFS simuléiert fir de spéidere Nomëtte stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss vun tëscht 70 a 90 km/h, den europäeschen ECMWF ass genee där selwechter Meenung.


D’Berechnung vum amerikanesche Wiedermodell GFS | Grafik: wxcharts.com

De Peak soll tëscht dem Freidenowend 18 Auer an dem fréie Samsdemoien 1 Auer antrieden, dat mat 75 bis 95 km/h – op de Koppen an am Beräich vu Schaueren oder och mol engem Donnerwieder (jo, déi sinn och net auszeschléissen) kënne mol schwéier Stuermstéiss bis hin zu orkanaarteg Wandstéiss vu bis ëm 105 km/h net ausgeschloss ginn. Anescht wéi de GFS, soll et dem ECMWF no ëm dës Zäit awer schonn erëm méi roueg gi sinn. Hëlt een awer d’Modellrechnunge vum franséischen ARPEGE dobäi, da schéngt et awer méi a Richtung GFS ze goen.


D’Berechnung vum europäesche Wiedermodell ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Bonus: Extremrechnung vum däitschen ICON

Den däitsche Wiedermodell ICON danzt schonn zanter dem Sonnden ëmmer erëm aus der Rei a berechent als quasi eenzege Modell eng däitlech méi südlech Zuchbunn vun dësem Orkandéif. Ugeholl dës Kaarte géife sech duerchsetzen, dann hätte mir zu Lëtzebuerg extrem Wandstéiss vun tëscht 100 an 130 km/h ze erwaarden, an der Äifel esouguer bis zu 150 km/h. Esou wéi dëst Stuermfeld dann ass, géif et iwwert d’Mëtt vun Däitschland weider a Richtung Tschechien a Polen virunzéien an extreme Schued hannerloossen. Glécklecherweis handelt et sech bei dëser Berechnung ëmt déi absolut Minoritéit ënnert alle Modeller, dësen Zenario ass also fir de Moment éischter onwarscheinlech. Komplett aus den Aen loosse sollt een dat Ganzt awer net.


D’Berechnung vum däitsche Wiedermodell ICON | Grafik: wxcharts.com

Uerg Berechnunge fir Géigenden nërdlech vun eis

Lëtzebuerg läit esou just um Rand vu richteg geféierleche Modellrechnungen. D’Stuermfeld, fir dat mir elo grad den ongeféiere Verlaf fir Lëtzebuerg beschwat hunn, erreecht géint 12 Auer mëttes d’Küsteregiounen a bléist schonn mat Spëtzte vu bis zu 100 km/h. Am Nomëtte verstäerkt sech de Wand op bis zu 120 km/h an de Spëtzten, deels esouguer driwwer. Iwwert dem oppene Mier kënne bis zu 150 km/h optrieden, also en extremen Orkan.

Dëst extrem staarkt Stuermfeld erreecht um Owend géint 18 Auer grouss Deeler vun Holland an och dem Norde vun der Belsch. D’Belsch huet Spëtzte vu bis ëm 115 km/h ze erwaarden, an Holland géif et dem GFS no fir extrem Orkanstéiss vu bis zu 140 km/h duergoen. Um spéideren Owend läit d’Stuermfeld mat sengem intensivsten Deel iwwert dem Norde vun Holland an och iwwert dem Nordweste vun Däitschland, ëmmer nach mat Vitesse vun 100 bis 140 km/h. Am weidere Verlaf vum Owend a vun der Nuecht zitt dat Ganzt weider iwwert d’Nordhallschent vun Däitschland a schwächt sech schlussendlech of, iwwerdeems et um fréie Samsdemoien iwwer Nordtschechien a Polen ewechzitt.


D’Berechnung vum amerikanesche Wiedermodell GFS | Grafik: wxcharts.com

Den europäeschen ECMWF rechent de Wand minimal manner staark, mee och dësem no soll besonnesch Holland uerdentlech eppes ofkréien. Un der direkter Küst sollen dësem Modell no bis ëm 150 km/h kënnen optrieden, ier d’Stuermfeld iwwert den wierklech äusserste Norde vun Däitschland a Richtung Ostséi ofzitt. Wärend dësem Prozess sinn ëmmer nach schwéier Stuermstéiss bis hin zu Orkanstéiss vun tëscht 100 an 130 km/h méiglech.


D’Berechnung vum europäesche Wiedermodell ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Wärenddems d’Stuermfeld an der Nuecht op de Samsden de Norde vun Däitschland iwwerquéiert, ka sech ënner Ëmstänn eng konvektiv Front aus kräftege Schaueren an och Donnerwieder ausbilden, un där d’Gefor vu schwéieren Orkanstéiss däitlech erhéicht wier. Duerch ë.A. déi zolitt Wandscherung wier an engem Beräich vum nërdleche BeNeLux iwwert de Nordwesten & Norde vun Däitschland eran och mol e vereenzelten Tornado net onméiglech.

Dës Wandvitesse wäerten immense Schued kënnen uriichten, et besteet Liewensgefor.