Stuerm NASIM: Dëst waren déi héchst Wandvitessen

Haut ass d’Wandfeld vum Stuerm NASIM iwwert eis ewechgezunn. Nieft dem Wand ass nawell och e bëssen eppes u Reen erofkomm.

Et war séier méi frëndlech

Direkt hannert dem Kalfrontpassage ass et am Laf vum Nomëtte séier méi frëndlech ginn dobaussen, op mannst am Sënn vu sonnege Momenter a méi dréchene Passagen. De Wand war bis an den Owend eran nach deels mat Vitesse vun ëm 80 km/h ënnerwee.

Wat waren dann elo déi héchst Vitessen? Dräi Statiounen deele sech déi éischt Plaz, dës sinn:

  • Käerjeng Kënzeg: 89 km/h
  • Ëlwen: 89 km/h
  • Wolz: 89 km/h

A soss:

  • Ell: 87 km/h
  • Beetebuerg: 87 km/h
  • Reiler: 83 km/h
  • Useldeng: 83 km/h

Weider Donnéeë fannt Dir hei.

De Wand huet sech soumat perfekt un d’Prognos an och d’Warnung fir haut gehalen.

De Reen

De Reen war haut och mat dobäi, plazeweis huet et och méi zolitt geschott. Et ass awer bei net warnrelevante Quantitéite bliwwen. Déi héchst Wäerter sinn laanscht de Westen opgetrueden an hu sech deels esouguer an de Raum vun der Haptstad gezunn mat tëscht 11 a 14 l/m². De mannste Reen gouf et dem Kachelmann-Wiederstatiounsnetz no zu Ëlwen mat 2,9 l/m².