Stuerm ZOLTAN: Vitesse bis 90 km/h, Beem an de Stroossen! Wéi geet et virun?

Virun enger Woch hat sech de ZOLTAN schonn an de Modellkaarten ugekënnegt, haut ass en do! An der leschter Stonn goufe 90 km/h gemooss, wouduerch vill Dreck an och e puer Beem an de Stroosse leien. Mee wéi geet et virun?

Titelbild: (c) Feuerwehr/Fw

Advertisement

Advertisement

De ZOLTAN mécht sech bemierkbar

An der leschter Stonn goufen duerch d’Land verdeelt tëscht 50 an 91 km/h gemooss – eng breet Spaan also. De Grond: Et ass eng kräfteg Schauerlinn iwwert d’Nordspëtzt vum Land ewechgezunn. Wéi an de leschten Artikelen betount, besteet ënnert dëse méi kräftege Segmenter de gréisste Risk fir Stuermstéiss vun iwwer 80 km/h. D’91 km/h sinn un der ASTA-Statioun zu Reiler opgetrueden, soss gouf bis ewell och oft un den 80 km/h gekrazt.

Och un eiser Partner-Wiederstatioun vun der Nordstrooss Shopping Mile zu Maarnech gouf e Stuermstouss vu 75,6 km/h gemooss. Mee wéi geet et an de nächste Stonne virun?

De weidere Verlaf

De Wand wäert sech esoubal nach net leeën. D’Modeller rechnen domat, dass et nach bis muer de Moie bis +/-8 Auer mat Stuermstéiss soll viru goen. Déi héchst Vitessen hale sech weiderhin tëscht 60 an 80 km/h op, just am Fall vu méi kräftege Schauerlinnen ass erëm eppes driwwer ze erwaarden. Och ofgesi vu kräftege Schauersegmenter besteet den héchste Risk un der Nordspëtzt vum Land.

Et ass zwar schonn verbreet geschitt, mee och bis muer kënne weiderhi Beem an Äscht an d’Stroosse falen. D’Biedem sinn duerch de ville Reen opgelackert, e Bam kann also nach méi liicht ëmfalen.


D’berechnung fir e Samsden laut europäeschem Wiedermodell | Grafik: wxcharts.com

Eng weider méi stiermesch Period erwaart eis vu muer de Mëtten un bis an déi fréi Nuecht op e Samsden. Meeschtens sinn d’Vitessen erëm bei tëscht 60 an 80 km/h ënnerwee, op der Nordspëtzt kann et, je no Nidderschlagsmuster, och mol erëm fir eppes méi duergoen.