Stuermdéif FREDERICO iwwer Mëtteleuropa: Mat wat ass zu Lëtzebuerg ze rechnen?

De FREDERICO wäert d’Wiederkichen iwwer Mëtteleuropa zimmlech duercherneenwirbelen. Niewent Flacken a vill Reen ass awer virun allem och e Stuermfeld dobäi – mee wäert eis dat dann eigentlech iwwerhaapt beaflossen? Et gëtt eng “knappe Kiste”, wéi déi Däitsch géife soen.

Vu muer de Moien un ass mam Ukomme vum Stuermdéif FREDERICO am Weste vu Frankräich ze rechnen. Bis an de spéidere Nomëtten eran ass virun allem iwwert de südlechen Deeler vun der Bretagne an iwwert dem pays de la Loire mat schwéiere Stuermstéiss ze rechnen. E wäert bei wäitem net esou intensiv ausfalen wéi den CIARÁN, an awer sinn a Küstegéigend Wandvitesse vun tëscht 100 an 120 km/h als Maximum ze erwaarden.

Stuermdéifer bestinn ëmmer aus engem Kär an engem Wandfeld. D’Wandfeld gëtt südlech vum Déif nogeschleeft. De Kär vum Déif wäert viraussiichtlech iwwert d’Normandie, Deeler vun den Hauts-de-France, Ile-de-France an dem Grand Est ewechzéien. De Berechnunge no zitt de Kär dann och méi oder manner genee iwwer Lëtzebuerg ewech, wat heescht, dass de stäerkste Wand tendenziell knapp südlech vu Lëtzebuerg wäert optrieden. Mir kréien et also mat engem Stuermdéif ze dinn, ouni awer, dass et bei eis och wierklech stiermt.


Den ongeféiere Verlaf vum Wandfeld | Animatioun: wxcharts.com

D’Wand-/Stuermfeld beweegt sech vun der Loire aus eriwwer a Richtung Bourgogne & de Süde vum Grand Est, fir dann an de Südweste vun Däitschland esouwéi och Deeler vun der Schwäiz eranzezéien. Haaptsächlech op den Erhéijungen ass mat Stuerm ze rechnen, soss leien d’Wäerter meeschtens an engem leftege, mee net stiermesche Beräich. Fir de Südweste vun Däitschland gi Vitessen bis ëm 110 km/h op de Koppe gerechent, an den Alpen kënnen och mol 150 km/h dobäi sinn – mee do schwätze mir duerch d’Héicht vun de Bierger vu ganz aneren Dimensiounen.

Bis an de fréie Freidemoien eran beweegt sech d’Wandfeld an den äusserste Südoste vun Däitschland eran a wäert fir änlech Spëtzte suergen, elo och an Éisträich.

Et gi just nach e puer wéineg Modeller, déi och zu Lëtzebuerg mat engem Stuermfeld rechnen, wéi beispillsweis de franséischen ARPEGE. Dësem no hätte mir an der Nuecht op de Freide Stuermstéiss vun ëm 90 km/h ze erwaarden. Wéi mir awer grad gesinn hunn, ass dat ënnert allen anere Modeller net grad déi majoritär Léisung.