Stuermdéif ZOLTAN: En Donneschde lokal Stuermstéiss vun ëm 80 km/h ze erwaarden

D'Wandfeld vum Stuerm ZOLTAN ass um Wee op Lëtzebuerg. Och wann et eis Nopëschlänner méi staark trëfft, kënnen och bei eis trotzdeem mol Beem an Äscht an d'Stroosse falen. Et heescht also oppassen - alles wat Dir wësse musst.

Advertisement

Advertisement

Zanter enger Woch um Schierm

Et ass éischter ontypesch, dass sech Wiederlagen eng Woch laang an de Modeller halen an dann och nach esou zoutreffen. Anescht awer de Stuerm ZOLTAN, deen mir elo schonn eng laang Zäit duerch Updates verfollegen.


D’Wiederlag fir en Donneschden | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Dëse Stuerm kënnt duerch en immens grousse Loftdrockënnerscheed zustanen. Den ZOLTAN soll den Donneschdenowend iwwer Skandinavien e Kärdrock vu 956 hPa erreechen, iwwerdeems nordëstlech vun den Azoren e kräftegt Héich mat engem Kärdrock vun 1043 hPa läit. Domat leie mir matten an der Frontalzon a kréien dohier däitlech méi Reen a virun allem Wand of.

De Verlaf

An der Nuecht op den Donneschde gëtt de Wand a klenge Schrëtt méi spierbar, stiermesch sollt en awer nach net ginn. Eng éischt Kéier stiermesch gëtt et am Laf vum Nomëtten, dat besonnesch op exponéierte Plazen an och op de Koppen un der Nordspëtzt vum Land. De Peak sollt eis kuerz viru Mëtternuecht erwaarden, de Wand bleift awer och nach de ganze Freiden iwwer zimmlech spierbar bis stramm ënnerwee. D’Vitessen hale sech dann ëmmer nach bei ëm 50 bis lokal 65 km/h op.

Verglach vun de Vitesse fir de Peak an der Nuecht op e Freiden

Eis steet also eng lëfteg bis stiermesch Zäit un, mee wéi staark gëtt de Wand dann elo muer den Owend/Nuecht op e Freiden? Dofir vergläiche mir elo erëm e puer Modeller mateneen.

  • GFS: 60 – 78 km/h
  • ECMWF: 60 – 75 km/h
  • ICON-EU: 55 – 76 km/h
  • AROME: 70 – 104 km/h
  • SHD (Kachelmannwetter): 60 – 106 km/h
  • SwissHD (Kachelmannwetter): 65 – 95 km/h

Domat kéime mir bei engem Duerchschnëtt vun tëscht 62 a 89 km/h eraus. Et muss ee soen, dass déi héchst Vitessen wärend dem Kalfrontpassage sollen erreecht ginn – a well déi eenzel Modeller dës konvektiv Virgäng anescht aschätzen, kann een dovun ausgoen, dass sech, wéi am leschten Update gesot, déi stäerkst Spëtzten tëscht 60 an 80 km/h wäerten ophalen. Just am Fall vun der Ausnam, dass eis och mol e méi kräftegt Schauersegment duerch d’Kalfront erreecht, da wieren och kuerzzäiteg Vitessen vun iwwer 80 km/h net ausgeschloss.

Egal wéi staark de Wand am Endeffekt gëtt, et besteet d’Gefor vu Beem déi ëmfalen an Äscht déi an d’Stroosse falen – virun allem, well se duerch de ville Reen a leschter Zäit deels an opgeweechtem Buedem stinn.