Stuermfeld um Samsden: De Fuerplang

Nodeems eis um Donneschde schonn e Stuermfeld passéiert huet, hu mir et um Samsden op ee Neits mat engem Stuermfeld ze dinn.

De Verlaf

Schonn um Donneschde war de Wand groussflächeg um Wierk an och um Freiden huet e sech zäitweis bemierkbar gemaach, ier e sech dann an der Nuecht op de Samsden erëm kuerz leeë wäert. En huet sech haaptsächlech wärend de Schauere bemierkbar gemaach, déi duerchgezu sinn. No der klenger Paus vum Wand wäert e vum fréie Samsdemoien un ufänken, erëm méi spierbar ze ginn. Et ass mat Vitesse vun tëscht 50 a 75 km/h ze rechnen. Am Virmëtten, tëscht 9 an 12 Auer, gëtt e séier méi staark. Et si Vitesse vun tëscht 70 a 90 km/h ze erwaarden, bei engem méi staarker Schauer sinn och mol schwéier Stuermstéiss vu bis zu 105 km/h net onméiglech. Dës wäerten awer éischter eng Ausnam duerstellen.


D’Wandkaart vum europäeschen ECMWF fir de Samsdemëtten 12UTC | Kaart: wxcharts.com

D’Kalfront passéiert eis am spéidere Virmëtten, mee och am Nomëtte kann et, eben duerch den Afloss vu Schaueren (an och dem engen oder anere potenziellen Donnerwieder), weiderhin zu stiermesche Wandstéiss bis Stuermstéiss kommen.

Alles an allem näischt aussergewéinleches fir d’Joreszäit, an awer ze erwänen, well d’Warnschwellen areecht an iwwerschratt ginn.

Kleng Warscheinlechkeet vu Schnéischaueren

Hannert der Kalfront komme méi kill Loftmassen eragefloss, déi et op den héchste Koppe vum Land erméiglechen, dass et zu vereenzelte Flacke komme kann. An der Nuecht op de Sonnde ginn d’Temperaturen op tëscht 0 an 3 Grad zréck, et si weiderhi Nidderschléi méiglech. Flacke kënne weiderhin erofkommen, ee Wanterabroch ass dëst awer net. All Géigend, déi op ënner 420 Meter läit, huet keng all ze gutt Chancen op Flacken.


Schnéiwarscheinlechkeet vum spéidere Samsdenomëtten un | Grafik: wxcharts.com