Stuermpotenzial: Wand-Berechnunge musse genee am Aen gehal ginn

Et gëtt mat Sécherheet ongemittlech bis hin zu geféierlech fir Deeler vu Mëtteleuropa, besonnesch Norddäitschland. Dëst ass eng kleng Ergänzung zum Artikel vu gëschter.

Gros vu Modeller mat “normalem Stuerm” fir eis Groussregioun

Et steet eng immens onroueg Woch un fir Mëtteleuropa, haaptsächlech de Norde vun Däitschland steet am Fokus – déi genannt Géigend kann dës Woch, zumools an der zweeter Hallschent, direkt e puer mol vun zolitte Stuermfelder erwëscht ginn.

Dass et stiermesch gëtt, ass ganz warscheinlech. Just si sech déi eenzel Modeller ënnerteneen nach net ganz eenz, wéi dës Zäitfënstere genee anzegrenze sinn an och, wou genee sech dat ganzt ofspille wäert. Bis ewell ware vill Modeller där Meenung, dass de Gros vum Geschéie nërdlech un eis laanschtzéie soll – dëst géif bedeiten, dass et bei eis zu Lëtzebuerg zwar och kéint stiermesch ginn, mee awer an engem Ausmooss, wat komplett normal fir d’Joreszäit wier.

Extremberechnunge net eescht huelen, mee awer och net an den Eck geheien

Nei Modellrechnungen, zumools déi vum däitsche Modell ICON, maachen awer däitlech, dass esou zimmlech alles méiglech ass. Esou berechent dësen, dass de Freiden en extreme Stuerm mat Wandvitesse vun iwwer 130 km/h iwwer BeNeLux & NRW ewechzéie soll (Äifel bal 150 km/h). Dës Berechnung ass en Ausräisser (!), an awer soll et weisen, dass mir net onbedingt aus dem Schneider sinn, och wann déi meescht Modeller dat schlëmmst de Moment tendenziell nërdlech un eis laanschtzéie gesinn.


Den aktuelle Modelllaf vum däitschen ICON rechent extrem Zenarien fir eis Groussregioun | Grafik: wxcharts.com

Fazit bis elo

Fir de Moment: Haalt am Hannerkapp, dass et am Laf vun der Woch mol am normalen Ausmooss e bësse stiermesch ka ginn – mee awer och, dass wann et ganz blöd kënnt (wat awer däitlech manner warscheinlech ass), extrem Varianten net ganz onméiglech sinn.