UPDATE: Stuerm um Sonnden, duerno liicht wanterlech op de Koppen

Um Sonnden zitt e Randdéif / Schnellleefer vum Ärmelkanal hier an de Norde vun Däitschland. Lëtzebuerg wärt doduerch vun engem Stuermfeld erfaasst ginn.

Den Oflaf

Um Sonnde steet déi éicht markant Stuermlag vum Joer 2019 befir. Dobäi kann et platzeweis nawell zu stiermesche Wandstéiss oder souguer Stuermstéiss kommen.

Sou soll et an der Nuecht op de Sonnde selwer ëmmer méi lëfteg ginn, um fréie Sonndemoie kënne schon déi éicht Stuermstéiss ereecht ginn. Virdéicht sinn d’Koppen drun, dann och déi méi déif Lagen. De Maximum ass ab dem fréie Nomëtte bis an den Owend eran ze erwaarden. Dobäi sinn de momentane Modellrechnunge no (Stand 09.02.2019 – 17:18 Auer) Spëtzte vu 70 bis 90 km/h méigleg. Niewebäi besteet d’Wahrscheinlechkeet vun agelagerte staarke Schaueren oder och mol Donnerwiedere, bei deene méi héich Vitesse net onméigleg sinn. Soueng Randerscheinung sollt awer eng Ausnahm duerstellen. Dagsiwwer ass et mat bis zu 9 Grad zimmlech mëll vir d’Joereszäit, hannert der Front kënnt awer rem méi kill Loft op Lëtzebuerg. Sou kënnen d’Werter an der Nuecht op de Méinde rem op 3 bis -1 Grad faalen. Méi dozou méi wäit ënnen am Artikel.

Video vum 08. Februar 2019

Wousst Dir schon?

Den détailléierte Verlaf vum Wieder vir déi nofolgend dräi Deeg fannt Dir ëmmer aktuell a genee ënnert dësem Link.

Liicht Differenzen tëschent de Modeller

Wéi am Ufank scho gesot, si sech d’Modeller nach net ganz secher, waat d’Agrenzung vum tatsächleche Stuermfeld ugeet. Vir Iech d’Méiglegkeeten, déi antriede kënnen, ze verdäitlechen, vergläiche mir elo mol zesummen e puer Modellrechnungen.


Amerikanesche Modell GFS

De GFS rechent schon an de fréie Moiesstonne mat stiermësche Wandstéiss bis Stuermstéiss. Tësche 60 a 85 km/h kënne schon ereecht ginn. Bis an de spéidere Nomëtten ass nach mat kräftëge Wandstéiss ze rechnen, déi sech bei 75 km/h ophaale wärten. An der zweeter Nuetshalschend gëtt de Wand ëmmer méi schwaach.

Däitsche Modell ICON

Dem ICON no gëtt et an de fréie Moiesstonne no a no méi stiermësch. Am Virmëtten ass mat 60 bis 75 km/h ze rechnen, op de Koppe liicht driwwer. Am spéidere Nomëtte kann de Wand zumols an der Südhalschend vum Land bësse méi staark ginn. Nëmme punktuell awer ass mol mat em 80 km/h ze rechnen. Ab de spéideren Owesstonne gëtt de Wand séier méi schwaach.

Franséische Modell ARPEGE

Den ARPEGE rechent domadder, dass zumols an de fréie Moiesstonnen op de Koppe schon den een oder anere stiermësche Wandstouss optriede kann. 60 bis 80 km/h kënnen ereecht ginn. Iwwer d’Mëttesstonn soll de Wand bësse méi schwaach ginn, e bleift awer am lëftege bis stiermesche Beräich. Um Owend gëtt de Maximum am Süde gerechent, do wieren dem aktuelle Stand no Spëtzte vu bis zu 90 km/h ze erwaarden.

Fazit zu den eenzelne Modellrechnungen

Tëschent den dräi ausgewielte Modeller ginn et haaptsächlech Differenzen wat d’Positioun vum Stuermfeld ugeet. Alles an allem schéngt et awer a Richtung Südwestdaitschland ze tendéiere, wou déi stärkst Wandvitessen optriede kënnen. Do kënnen duerchaus mol Spëtzte vun em 100 km/h oder driwwer virkommen.

Alles an allem kann een vir de Sonndën an eise Géigende mat Stuermstéiss rechnen, déi sech tësche 65 a 85 km/h ophaale wärten. Am Fall vu méi staarke Nidderschléi, wéi z.B engem Donnerwieder, kann et mol op 90 km/h eropgoen. Och wann dëst méi héich Wandvitesse sinn, ass soueng stiermësch Wiederlag vir dës Joereszäit méi wéi normal a näischt aussergewéinleches. Ab dem spéide Sonndenowend ass de Wand net méi warnrelevant.

Bleift awer nach ze soen, dass um Sonnde net nëmmen de Wand interessant ass. Et wärt déi meecht Zäit reenen, daat heiansdo och mol méi staark. Sou kënne punktuell uechtert Land mol em 35 l/m² Reen zesummekommen.

Wahrscheinlechkeet vu Schnéiflacken duerch méi kill Loftmassen

Hannert dem Stuerm komme rem méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg gezunn. Dës kënnen dovir suergen, dass de Reen an der Nuecht op de Méinden an och um fréie Méindemoie selwer a Schnéireen oder souguer Schnéi iwwergoe kéint. Zumols op de Koppe kéint et dobäi vir en dënne Flom duergoen. Gréisser Quantitéite wärten awer aus bleiwen.

D’Temperature leien um Sonnde bei maximale 9 Grad, an der Nuecht awer faalen se duerch déi méi kill Loftmassen op 3 bis -1 Grad. De naasse Buedem kann also platzeweis fréiere, soudass nieft der Schnéiwahrscheinlechkeet och nach de Risk vu glaate Stroosse klëmmt.

Dëse Réckgang op dat méi wanterlecht Wieder schéngt awer just vu kuerzer Dauer ze sinn – am Laf vun der Woch soll et scho rem méi mëll ginn a sonnëg Momenter stelle sech an. Héichdrockwieder mecht sech breet.

Schnéiquantitéiten um fréie Méindemoien laut GFS (wxcharts.com)