Stuermstéiss a méiglech Flacken: Den Oflaf vum turbulenten Dënschden

Wéi ugekënnegt, ass haut mat engem turbulenten Dag ze rechnen. Duerch den Afloss vun engem Stuermdéif gëtt et net nëmme méi lefteg, mee plazeweis kënnt och mol e bësse Schnéi an d’Spill.

Haaptsächlech a Schauergéigend Stuermstéiss

De Moie starte mir mat Temperature vun tëscht 3 a nach 7 Grad an den Dag eran, dobäi ass de Wand scho spierbar bis stiermesch ënnerwee. An de Spëtzten ass mat 40 bis 65 km/h ze rechnen. Am Virmëtte ginn d’Temperaturen e Stéck zréck a pendle sech tëscht 1 a 5 Grad an, de Wand gëtt weiderhi méi staark. Op den éischte Plazen, an zwar haaptsächlech op den héchste Koppe, kann de Reen lues a lues a Schnéireen oder och Schnéischaueren iwwergoen. Um Mëtten an am Nomëtte leien d’Temperaturen ueschtert Land nach bei 0 bis 4 Grad, et si kuerzzäiteg Wandspëtzte vu 70 bis 85 ze erwaarden.

Et zéien ëmmer rem Schaueren duerch – eenzelner dovu kënnen och méi kräfteg ausfalen. Och mol e Wanterdonnerwieder mat Knëppelsteng (Graupel) ka net ausgeschloss ginn, wou d’Schnéifallgrenz och mol kuerz op bal 300 Meter fale kéint. An dëse Fäll kann de Wand ënner Ëmstänn och mol 95 km/h areechen. Dëst ass awer zimmlech rar a sollt normalerweis, wann iwwerhaapt, just ganz vereezelt an enk begrenzt mol méiglech sinn.

D’Wandspëtzte berechent vum europäesche Wiedermodell ECMWF (wxcharts.com)

Net iwwerall Schnéi

Och am Laf vum Owend an a Richtung Mëtternuecht soll et nach zu eenzelne Nidderschléi komme kënnen, dat ëmmer nach bei 0 bis 4 Grad. De Wand huet an sech an Tëschenzäit scho rem geluecht an ereecht keng warnrelevant Wäerter méi.

Et gëtt zwar vu Schnéiflacke geschwat, allerdéngs sollt ee sech elo net all ze vill vum Ganzen erwaarden. D’Schnéifallgrenz läit meeschtens bei 400 bis 500 Meter, ebe just ënner verschidde Konditioune kéint se kuerz a lokal begrenzt op bal 300 Meter zréckgoen. Och wann d’Modeller wärend enger Zäitchen mat der Wahrscheinlechkeet vun enger dënner Schnéicouche rechnen, wäert des an de nächsten Deeg rem verschwannen. Et ass also scho rem kee richtege Wanterabroch an et wäert net wäiss bleiwen.