Vun de Pyrenäen aus ass sech amgaangen en Déifdrockgebitt a Richtung Zentralfrankräich ze beweegen. Südlech vum Kär kënnt et plazeweis zu immens héije Reenzommen.
Advertisement
Waassertemperature spillen erëm eng Roll
D’Déifdrockgebitt, wat mat sengem Kär jo haaptsächlech iwwer Frankräich wäert bleiwen, transportéiert duerch seng Dréibeweegung géint d’Auer däitlech méi kill Loftmassen an de Mëttelmierraum. D’Waassertemperatur vum westleche Mëttelmierraum bedréit de Moment ëmmer nach ëm 23 Grad, iwwerdeems d’Loftmassen déi elo erbäigefouert ginn däitlech manner waarm sinn. D’Konsequenz ass d’Bildung vu staarke Nidderschléi, déi haut a muer iwwer Südfrankräich esouwéi awer och Deeler vun Italien en Thema wäerte sinn.
Deels iwwer 200 l/m² Reen ze erwaarden
Wéi ëmmer kënnt et ënnert de Modeller zu Ënnerscheeder, an awer si se sech driwwer eenz, dass et plazeweis duerch de ville Reen kann zu Iwwerschwemmungen a soss Schued ka kommen.
Iwwert de Pyrenäe selwer ginn an de Spëtzten tëscht 60 a knapp 100 l/m² berechent. Ronderëm Toulouse, haaptsächlech nordëstlech dovun, ginn tëscht 50 a 90 l/m² berechent. Besonnesch am Fokus steet de Massif Central mat Berechnungen, déi vun 150 bis deels esouguer 300 l/m² ginn. Eenzel Berechnunge wëllen och iwwer 400 l/m² net ausschléissen, mee heibäi handelt et sech ëm Ausräisser.
Vill Reen ass och op enger Sträif vu Marseille bis op Monaco ze erwaarden: Meeschtens sollen et tëscht 40 a 70 l/m² ginn, e Groussdeel ka sech awer op de Raum Nice, Monaco an och Genua an Italien konzentréieren. Am Süde vun de ligureschen Alpen sinn tëscht 150 an 300 l/m² Reen net ausgeschloss.
Weider Onwieder méiglech
Iwwert de Weekend gekuckt kënnen och aner Géigenden mat vill Reen ze di kréien, wéi beispillsweis den äusserste Süden a Südoste vun Italien. Am Fokus ass eng Sträif vu Catana bis op Castrovillari, d’Berechnunge beweege sech och hei am dräistellege Beräich.
Deemno wéi brénge mir nach en Update zu de weideren Entwécklungen.