Südfrankräich: Dräi Persoune stierwen duerch massiv Iwwerschwemmungen

D’lescht Woch hate mir e puer Updates zu de Reequantitéite bei eise Nopere gemaach. A Südfrankräich sinn duerch d’Onwieder elo leider dräi Persounen ëmt d’Liewe komm, siwe ginn der vermësst.

Advertisement

Dräi Doudeger bei Avignon

D’lescht Woch hate mir ëmmer erëm op déi zolidd Reefäll gekuckt, déi an de Modeller fir ënnert anerem Südfrankräich simuléiert goufen. Aner betraffe Géigende ware beispillsweis Portugal, Spuenien, Italien an deels och de Balkan.

Elo de Moie mellen d’Medien déi traureg Noricht, dass dräi Persounen duerch d’Iwwerschwemmungen a Südfrankräich ëmt d’Liewe koumen. Zwou Läiche goufen zu Goudargues bei Avignon an engem Auto fonnt, eng drëtt zu Gagnières an engem SUV. Beim Versuch, iwwert eng Bréck ze fueren, wier den Auto matgerappt ginn. Eng weider Persoun, déi mat am Auto souz, konnt sech awer befreien – esou déi franséisch Medien.

Fir de Rescht goufe siwe Persounen als vermësst gemellt. De Stroum war och op ville Plaze fort, dat och un der Grenz zu Italien – wou eben och immens grouss Reenzommen erofkoumen. An den Alpen huet sech och villes als Schnéi entlueden, et besteet de Risk vu Lawinnen.