Am Süde vu Frankräich steet eng massiv Reenphas un, bei där besonnesch am Raum vum Massif Central Zomme vu méi wéi 200 l/m² kënnen erofkommen.
Advertisement
Markant Reenphas am Süde vu Frankräich
No der leschter markanter Reenphas ronderëmt de 26 Mäerz 2024 steet elo virun allem fir de Süde vu Frankräich déi nächst un. Vum Mëttelmier aus zitt ëmmer erëm neie Reen an d’Land eran, déi sech dann um Massif Central ausreenen. Doduerch kënnen dann a just e puer Stonnen zolidd Reequantitéiten zesummekommen, iwwer Deeg gekuckt souwisou.
Beliichte mir d’Situatioun mol bis e Mëttwoch: Den europäesche Wiedermodell rechent tëscht de Géigenden Béziers, Montpellier, Mende a Nimes Quantitéite vun tëscht 100 an 210 l/m². De Peak soll bei Villefort a Valleraugue erofkommen, wat net wäit vu Mende ewech ass. Den amerikanesche Modell viséiert déi selwecht Géigend, mee gesäit et am Détail e bëssen anescht: De Peak wier bei Vallerauge an Ganges ze erwaarden, dat mat 169 l/m².
Huele mir den däitschen ICON EU-Modell zur Hand, da gëtt vun dësem de Maximum zu Valleraugue, Villefort, Bessèges a knapp westlech vun Aubenas berechent. Simuléiert ginn tëscht 274 an 319 l/m². Fir et ofzeronnen gesäit de franséischen ARPEGE-Modell de Maximum genee tëscht Le Caylar, Ganges a Valleraugue, dat mat 263 l/m².
Mir mierken also, dass d’Géigenden Villefort, Valleraugue, Mende a Ganges am meeschte genannt ginn. Vun de Quantitéiten hier kann ee soen, dass Zomme vu punktuell (wäit) iwwer 200 l/m² duerchaus warscheinlech sinn, dat bis e Mëttwoch inclus. De Reen hält dann awer nach net op, bis an de Weekend eran komme weider markant Zommen erof. En Update wäert dann also néideg sinn.