Südoste vun den USA: Historeschen Tornado-Ausbroch an der Nuecht op de Samsden

Am Südoste vun den USA koum et an der Nuecht op de Samsden zu engem massiven Tornado-Ausbroch. Den Estimatioune no sinn iwwer 100 Persounen ëm d’Liewe komm.

An der leschter Nuecht koum et am Südoste vun den USA zu engem katastrophalen Ausbroch vun Tornadoen, bei deem d’Bundesstaaten Missouri, Arkansas, Illinois, Tennessee a Kentucky betraff waren. Bis ewell goufe bei dësem Ausbroch 30 Tornadoe confirméiert, d’Donkelziffer ass grouss. D’Zuel vun den Doudesaffer gëtt op iwwer 100 geschat, sou déi aktuell Informatioune vun den Autoritéiten.

Rekordverdächtegen Tornado zitt duerch véier Bundesstaaten

Een vun den Tornadoe geet als “Quad-State Tornado” an d’Geschicht an, alleng dësen huet 50 Persounen an den Doud gerappt. Den Tornado huet eng Streck vun iwwer 400 Kilometer zréckgeluecht, dat an Zäit vu véier Stonnen. Wann d’Auswäertungen ofgeschloss sinn, da kéint sech dëse Fall als neie Rekord fir d’USA a méiglecherweis esouguer déi ganz Welt erausstellen. Den Tornado huet Wandvitesse vun gutt iwwer 300 km/h generéiert.

Alleng dësen Tornado soll 50 Leit d’Liewe geholl hunn, iwwerdeems en duerch Mayfield am Bundesstaat Missouri gezunn ass. Et geet een dovun aus, dass an enger Käerzefabrik déi meescht Leit ëmkomm sinn, well dës kee Schutzraum haat an d’Leit dem Tornado ouni Schutz ausgeliwwert waren. Et ass den déidlechsten Tornado zanter dem bekannten EF5 Joplin-Tornado, deen den 22. Mee 2011 duerch Joplin, Missouri gezunn ass.

Video vum Tornado, deen matten an der Däischtert zougeschlo huet.

Duerch den Tornado si Géigestänn bis zu 30.000 Fouss, also ongeféier 9 Kilometer héich an d’Loft gedroe ginn.

De Parcours vun der Superzell, déi tëscht 1z a 5z de laangliewegen Tornado produzéiert huet.

center>D’Schuedensbiller vu Mayfield schwätze fir sech.

1 Kommentar

Kommentar hinterlassen

E-Mail Adresse wird nicht veröffentlicht.