Summer open end? De weidere Verlaaf

Genee wéi den Abrëll schon, wärt de Mee däitlech ze waarem ausfaalen. Och wann et iwwer Mëtteleuropa verdeelt ëmmer rem zu Donnerwiedere kënnt, hu mir et awer mat enger stabiler, summerlëcher Lag ze dinn.

Temperaturverlaaf: Summerlech, demno wéi héichsummerlech

An de nächsten Deeg bleiwen d’Temperature, bis op e puer Ausnahmen, gréisstendeels um summerlëche Niveau. Tëschenduerch besteht awer och mol de Risk vu lokalen Donnerwiederen, déi, wa se dann optrieden, méi zolitt ausfaale kënnen. Den détailléierte Verlaf vir déi nächst Deeg fannt Dir hei.

Déi Zäit drop gëtt awer réicht sou richteg interessant. Wann een déi aktuell Berechnunge kuckt, déi méi wäit an d’Zukunft ginn, da kéint sech déi summerlech Lag nach eng gutt Zäit haalen. Ze erwaarde wieren dann weiderhin Temperature vun iwwer 25 Grad, zäitweis och bis zu 30 Grad. Hei drënner d’Animatioun vun der Temperatur an annerhalwem Kilometer Héicht, simuléiert vum amerikanesche Wiedermodell GFS.

Grafik: wxcharts.eu

Zu gudder lescht dann och nach de Bléck op den aktuellen GEFS Ensemble. Wéi ëmmer gëllt bei dëse Grafike folgendes: Waat d’Linne méi no beienee sinn, waat d’Lag als méi sëcher anzeschätzen ass.

Grafik: meteociel.fr

Et wärt also nach bis de 4. Juni mat enger grousser Sëcherheet summerlech bleiwen. Duerno kënnt daat ganzt minimal un d’Wackelen (ze erkennen un de Linnen, déi ausernee ginn). An der Moyenne sinn déi eenzel Memberen (Linnen) awer der Meenung, dass ët schéi summerlech viru geet. Héichsummerlech Entwécklunge kéinte sech och nach an de nächsten Deeg erauskristalliséieren.

Wéi ass et mat den Donnerwiederen?

Wann ët mat de Berechnunge sou kënnt wéi hei driwwer beschriwwen, da kënnen awer trotzdem e puer Schaueren oder Donnerwiedere net ausgeschloss ginn. Dës wärten awer dann, genee sou wéi momentan och, nëmme LOKAL optrieden. Vir all Eenzelheeten ass et souwisou nach vill ze fréi.