Summer zu Lëtzebuerg: Wéi laang geet et nach sou waarem virun?

De Moment ginn emmer rem waarem Loftmassen op Lëtzebuerg geschëppt, soudass Temperature vu 25 bis 30 Grad mëttlerweil lues a lues zur Gewunnecht wärte ginn.

Méi Wollécken ab Mëtt der Woch

De Moment läit Lëtzebuerg nach ënner stabilem Héichdrockafloss. Géint Mëtt der Woch ännert daat awer liicht, well sech kleng Buedemdéifer dotëschentmësche kënnen. Doduerch gëtt ët virun allem e bësse méi wolléckeg, woubäi sech d’Sonn awer ëmmer nach oft weise komme kann. Ët wärt awer rem méi Loftfiichtëgkeet an der Loft leie, soudass et sech dobausse liicht schmeier ufille wärt. Eenzelne Modellrechnunge no besteht de Mëttwoch an den Donnëschden e minimale Risk vu lokalen an enk begrenzten Donnerwiederen. Dëst heecht, dass et wuel awer op den allermeechte Plaatzen drëche bleiwe wärt.

Op folgender Animatioun ze gesinn ass d’Drockverdeelung inkl. Nidderschléi, Wollécken an Temperatur (duergestallt duerch faarweg Landflächen). Et ass mat nëmme wéinëge Nidderschléi ze rechnen.

Grafik: WXCHARTS.eu

Héichsummer bis Mëtt Juli wahrscheinlech

Vum aktuelle Standpunkt aus gesinn, ass et net onwahrscheinlech, dass daat waaremt bis hëtzëgt Wieder nach bis an déi zweet Julihalschend unhaale kann. Dëst géif da meechtens ouni Nidderschléi iwwer d’Bühn goen. Just zäitweis kéinte sech iwwer Deeler vu Mëtteleuropa Lagen astelle, wouduerch et nëmmen iwwer lokale Gebitter zu kuerzen Donnerwiedere komme kéint. Et ass awer ofzegesinn, dass zumindest déi éicht Julihalschend ze drëchen ausfaale wärt. De Risk vu Bësch- a Flächebränn ass demno erhéicht.

Vir daat ganzt ze verdäitlechen, hei den traditionelle Bléck op den aktuellen Ensemble. Waat d’Linne méi no beienee sinn, waat eng Lag méi sëcher ass.

Grafik: meteciel.fr