Summerwieder Update: Dat ass den aktuelle Stand

Verzweiwelt start de Summer e weidere Versuch, fir awer nach iergendwéi relevant ze ginn an dësem Mount.

Summerwieder huet ëmmer nach eng Chance

Wéi och schonn am leschten Update beschwat, huet d’Summerwieder ëmmer nach eng Chance fir sech dëse Mount nach bei eis ze weisen. Héije Loftdrock iwwer Deeler vu Mëtteleuropa an och iwwert dem wäiten Oste vum Kontinent suergen zesumme mat engem Déif iwwert de britteschen Inselen dofir, dass waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum op Lëtzebuerg gelenkt ginn. Sou gi net nëmme summerlech Temperature, mee esouguer héichsummerlech Wäerter ëmmer méi warscheinlech. Wat de Reen betrëfft, kann et haut um Dënschde mol nach e bësse naass ginn. An de nächsten Deeg gëtt dëst erëm méi onwarscheinlech.


De Verlaf vun de Loftmassen an enger Héicht vun 1,5 Kilometer bis de Méinden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent domat, dass eis de Peak vun dëser méi waarmer Phas ronderëmt de Sonnden erwaarde soll. Den europäeschen ECMWF gesäit um spéideren Donneschde schonn e klenge Peak, ier dann um Méinden de nächste kéim. Sou solle sech eis Temperaturen an de nächsten Deeg folgendermoossen entwécklen:

Haut um Dënschde sinn tëscht 19 a 24 Grad ze erwaarden – mam Ukomme vu méi waarme Loftmasse geet et um Mëttwoch schonn fir 21 bis 26 Grad duer. Den Donneschde géif et dann viraussiichtlech mat summerleche bis héichsummerleche 26 bis 31 Grad virugoen. Och um Freide wier et mat 23 bis 29 Grad nach summerlech, dat sellwecht gëlt fir de Samsde bei 22 bis 28 Grad. Wann ee méi Berechnunge mat abezitt, da kënnt een de Moment fir de Sonnde bei 22 bis 26 Grad eraus.

Fir den Ufank vun der nächster Woch gëtt et warscheinlech méi schmeier, wouduerch de Risk vun Donnerwieder an d’Luucht gedréckt gëtt. Dozou awer eng aner Kéier méi Informatiounen.