Zu dësem Zäitpunkt ass de KONG-REY de stäerksten aktive Stuerm op der Äerd a wäert muer de Moien op Taiwan treffen. Virun e puer Stonne war et nach e Super-Taifun mat duerchschnëttleche Wandvitesse vun 240 km/h.
Advertisement
Equivalent zu engem Hurrikan vun der véierter Kategorie
De staarken Taifun KONG-REY zitt aktuell a nëmmen e puer honnert Kilometer Distanz ëstlech laanscht d’Philippinen a beweegt sech elo op Taiwan duer.
Aktuell ginn am Stuerm duerchschnëttlech Wandvitesse vun 230 km/h erreecht, wat engem Hurrikan vun der drëtter Kategorie entsprécht. Nach virun e puer Stonne louchen d’Vitesse bei 240 km/h, wat de KONG-REY am Atlantik zu engem Hurrikan vun der véierter Kategorie gemaach hätt. Eng Eegeschaft vum Stuerm fällt dës Kéier immens gutt op: En huet momentan en zimmlech grousst Aen, den Duerchmiesser bedréit ongeféier 110 Kilometer. Normalerweis sinn dës 30 bis 65 Kilometer breet.
“Landfall” um Donneschdemoien
Den Taifun schwächt sech bis muer de Moien zwar lues a lues of, bleift awer trotzdeem eng grouss Gefor fir Taiwan. Erwaart ginn duerchschnëttlech Wandvitesse vun 215 km/h, iwwerdeems d’Wandstéiss iwwert dem Mier nach a Richtung 300 km/h kënne goen.
Déi breet Mass u Wiedermodeller rechent mat Reequantitéite vu méi wéi 800 l/m², an dat an Zäit vu just 24 Stonnen. Déi héchst Zomme solle viraussiichtlech tëscht Yuli a Yilan erofkommen. Dass och dëst erëm a massiven Iwwerschwemmunge resultéiert, ass net verwonnerlech.