Supertaifun HAGIBIS zitt op Japan duer

De Moment gëtt et néierens op der Welt en Tropestuerm, ausser am Pazifik. Do ass de Supertaifun HAGIBIS aktiv, deen de Weekend op Tokio treffe soll.

A nëmme 9 Stonnen zu engem Supertaifun

De System vum HAGIBIS ass de vergaangene Sonnden (6. Oktober 2019) zu engem Taifun ginn, wat vun der Stäerkt hier gläichzestellen ass mat engem Hurrikan vun der éischter Kategorie. En huet zu där Zäit mëttels Wandvitesse vun 120 km/h generéiert, an de Spëtzte waren et bis zu 145 km/h. An Zäit vu nëmme 9 Stonnen huet de Stuerm sech dunn rasant an e Supertaifun weiderentwéckelt, dat mat Wandvitesse vun 255 km/h an der Moyenne an 315 km/h an de Spëtzten. Dest entsprecht der fënnefter Kategorie op der Saffir Simpson Skala, wier de Stuerm a Gewässer ënnerwee, wou ee vun engem Hurrikan schwätzt.

Vum Sonnde bis elo huet sech de Stuerm e gutt Stéck méi wäit an de Norde beweegt. Um Wee dohin huet e séng Richtung ëmmer rem vu Nordwest op Norde gewiesselt. De Stuerm ass ëmmer nach e Supertaifun, dat mat Kategorie 5-vergläichbare Wandvitessen. De Modellrechnunge soll sech den HAGIBIS op séngem weidere Wee op Japan duer lues a lues ofschwächen. De Samsde soll et da souwäit sinn, dass den Taifun a Japan u Land geet. En zitt un der südlecher Küst entlaang a betrëfft direkt an och indirekt Fukuoka, Kumamoto, Osaka, Tokyo, Sendai, Akita a Sapporo. Dat mat aktuell berechente Wandspëtzte vu knapp 200 km/h beim éischten Optreffen u Land a Reequantitéite vun tëscht 200 a 400 l/m². Demno wéi kann et och Géigende ginn, wou em 500 l/m² erofkomme kënnen.

Parcours vum HAGIBIS bis de Sonnden, 13. Oktober 2019 (JTWC)

Rugby WM ofgesot, Formel 1 Qualifying a Gefor

Wéi d’Medie melle, betrëfft de Stuerm och eng Partie sportlech Evenementer. Engersäits gouf d’Rugby WM déi éischte Kéier an 32 Joer ofgesot. Och fir de Qualifying vun der Formel 1 kann et Problemer duerch de Stuerm ginn. D’FIA hält d’Entwécklungen am Aen, fir déi héchst Sëcherheet fir d’Spectateuren mee och d’Chauffeueren ze garantéieren.