Supertaifun KONG REY gëtt Korea a Japan geféierlech

Réicht d’lescht Woch ass den Taifun Trami an der Géigend vun Osaka (Japan) mam Zentrum u Land getraff an huet vir vill Schued, Blesséierter an 2 Doudëger gesuergt. An Tëschenzäit huet sech e weidere Stuerm forméiert, dëskéier e Supertaifun.

Wandspëtzte vu bis zu 305 km/h

Zanter dem Méindemëtten ass aus dem Taifun KONG REY e Supertaifun ginn. Daat entsprëcht engem atlantëschen Hurrikan, deen op mannst eng Intensitéit vun der 4ter Kategorie op der Saffir Simpson Skala huet. De Supertaifun befënnt sech de Moment um philippinësche Mier a wärt sech bis de Freiden a nordwestlech Richtunge weiderbeweegen. An der Moyenne gi Wandvitesse vun 260 km/h gemooss, an de Spëtzte sinn et bis zu 305 km/h. Den Zentrum wärt wäit iwwert dem Mier bleiwen, allerdéngs kënne staarke Wand an héich Wellen awer den äußersten Osten vun der chinesëscher Küst ereechen. Zumools d’Ëmgéigend ZHEJIANG kéint dovunner betraff sinn. Ab dësem Zäitpunkt wärt sech de Stuerm iwwer méi killt Waasser ewechbeweegen, wouduerch d’Intensitéit vum System ofhëllt. Sou soll de Stuerm um Samsde nach Wandvitesse vun ëm 130 km/h ereechen, um Sonndë souguer nëmme nach 115 km/h.

Wéi een der Simulatioun vum Joint Typhoon Warning Center enthuele kann, wärt ab dem Freiden den äußersten Oste vu China betraff sinn. Am weidere Verlaaf trëfft e wuel a Südkorea kuerz u Land, wou virun allem mat zolittem Reen a Stuerm gerechent gëtt. Duerch Nidderschlagsakkumulatioune vu bis zu 450 l/m² ass vu gréisseren a geféierlechen Iwwerschwemmungen auszegoen. Um Sonndë befënnt sech de Stuerm iwwert der Japanescher Séi, wou nieft dem Wand och de Reen ëmmer méi schwaach gëtt.