Temperatur-Update: De Spéitsummer kënnt, Wäerter vu bis ëm 30 Grad ze erwaarden

Et steet fest: Eis steet eng spéitsummerlech Phas an d’Haus – an et ass bis elo nach net esou ganz gewosst, wéini et erëm manner waarm gëtt.

Advertisement

Advertisement

D’Grousswiederlag

Am Laf vun der neier Woch mécht sech héije Loftdrock iwwert dem Kontinent breet, iwwerdeems déiwe Loftdrock virun der Küst vu Portugal a Spuenien läit. Doduerch gerode mir ënnert eng spéitsummerlech Wiermtpompel, déi eis fir d’Joreszäit iwwerduerchschnëttlech Temperaturen op Lëtzebuerg bréngt. Besonnesch iwwer Frankräich si nei Rekorder net ganz ausgeschloss.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmassen bis den 11. September | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

An dësem Artikel befaasse mir eis haaptsächlech mat den Temperaturen. De ganzen Iwwerbléck iwwert déi ganz Woch gëtt et muer am Wochenausbléck.

Muer um Méinde gëtt et nach en Tick méi waarm wéi et haut war. D’Modeller gesinn e Maximum vun tëscht 23 a 27 Grad op eis duerkommen, iwwerdeems am Südosten eppes klenges driwwer net ausgeschloss ass. En Dënschde soll et aus momentaner Siicht gesinn mat 25 bis 28 Grad virugoen, e Mëttwoch wiere mir mat 25 bis 28 Grad dobäi.

An der zweeter Wochenhallschent geet et waarm virun, viraussiichtlech klëmmt den Thermometer nach e Stéck. 25 bis 28 Grad stinn un, e Freide sinn tëscht 26 an 30 Grad ze erwaarden. Wéi dat ëmmer esou ass, ass laanscht d’Musel och e bësse méi méiglech – dat selwecht gëllt fir de Samsden, wou och tëscht 25 an 30 Grad berechent ginn. E Sonnde sinn d’Modeller mat 26 bis 31 Grad dobäi.

Open End

Dës spéitsummerlech Wiermt huet nach keen definéierte Schluss. D’Modeller si sech nach guer net driwwer sécher, wéi laang mir ënnert dem Afloss vun der “Wiermtpompel” leien. Aus aktueller Siicht gesinn si sech den amerikaneschen esouwéi och europäesche Modell driwwer sécher, dass et mol nach bis en Dënschden an enger Woch (12. September) esou soll bleiwen.

Météo Boulaide hält Iech weiderhin um Lafenden.