Temperatur-Update: E Freide kënne punktuell bis zu 23°C optrieden

Vun haut u gi mir ëmmer méi vun fir d’Joreszäit iwwerduerchschnëttlech waarme Loftmasse beaflosst, déi e Freiden hire Maximum erreechen. Ganz lokal kënnen och mol ëm 23°C net ausgeschloss ginn.

Advertisement

Maximum gëtt e Freiden erreecht

Schonn haut um Mëttwoch mierke mir, dass et e gutt Stéck méi waarm ass, ewéi gëschter. Momentan krazen d’Maximaltemperature schonn un de 17°C, zumools un der ASTA-Statioun zu Useldeng. Aus eisem eegene Netz hu mir d’Statioun vu Baschelt mat 15,2°C an déi vum Hareler Poteau mat engem Maximum vu bis ewell 14,2°C. Et ass also gutt méiglech, dass déi virausgesot Maximaltemperature fir haut nach minimal kënnen iwwertraff ginn. Dësen Artikel ass en Update zu eisem Video vu gëschter Owend:

Dës waarm Stréimung hu mir engem Déifdrockgebitt ze verdanken, wat momentan nach westlech vu Spuenien a Portugal läit. Muer um Donneschde fänkt et un, sech lues awer sécher op de Weste vu Frankräich duerzebeweegen. Dat bréngt mat sech, dass och déi méi mëll Loftmasse nach méi no an eis Géigende kommen an hire Maximum e Freiden erreechen: D’Loftmassen, déi eis dann erreeche, hunn hiren Uersprong direkt aus Afrika a bréngen eis fir d’Joreszäit iwwerduerchschnëttlech Temperaturen.


Hei gesi mir, wéi sech eis Loftmassentemperatur op 1,5 km Héicht bis e Freide wäert veränneren | Animatioun: wxcharts.com

Muer um Donneschden ass e Maximum vun tëscht 15 a 19 Grad ze erwaarden, laanscht den äussere Südoste géif mech eng 20 oder 21°C net wonneren. E Freide selwer läit den allgemenge Maximum de momentane Berechnunge no tëscht 18 an 21°C – realistesch gesi kann et duerch eng Partie vu weidere Faktore punktuell net ausgeschloss ginn, dass 22 bis 23°C erreecht ginn. Typesch Plazen dofir wier de Südosten an Deeler vum Oste vum Land, mee awer och an de Stied. Den eenzege Faktor, deen dat Ganzt awer e bësse kéint drosselen, wier de Saharastëbs. Dëse weist sech och e Freide mat enger erhéichter Konzentratioun.

Iwwerduerchschnëttlech Temperaturen

Déi bis ewell héchst jeemools gemoosse Mäerz-Temperatur un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel läit bei 23,5°C, gemooss den 31. Mäerz 2021. Och wann et onwarscheinlech ass, dass un dëser Statioun de Rekord e Freide geknackt gëtt, wäerte mir awer net all ze wäit dovun ewech leien. De selwechten Dag hunn aner Statioune, wéi beispillsweis d’Kachelmannstatioun vu Miersch 25,9°C gemooss, d’ASTA-Statioun vu Remerschen hat 25,6°C. Dës Wäerter ginn dës Kéier zwar net erreecht, an awer wäerten d’Temperaturen e Freide e gutt Stéck iwwert dem Duerchschnëtt leien.