
Ier mir eis dat alles muer am Wochenausbléck méi genee ukucken, ass hei mol e kuerzen Update zu den Temperaturen an de nächsten Deeg. Jo, momentanem Stand no kréie mir e Summer-Comeback – mee et sollt ee sech net ze vill dovun erwaarden.
D’Wiederlag
Vun haut un wandert e méi kräftegt Déifdrockgebitt vu Polen aus a Richtung Skandinavien. Zur selwechter Zäit mécht sech, wéi och an den Artikelen an de leschten Deeg ugedeit, héije Loftdrock iwwer Mëtteleuropa breet. Dës Konstellatioun féiert dozou, dass et an der éischter Hallschent vun der Woch mol nach änlech mat den Temperature virugeet wéi mir et de Moment hunn. Schauere sinn och nach dran, mee net méi grad esou vill.

Den Ënnerscheed mécht dann en Déifdrockgebitt, wat vun der zweeter Wochenhallschent un esou zimmlech de ganzen fir eis relevanten Deel vum Atlantik anhëllt. Duerch den Héichdrockafloss, deen zu dësem Zäitpunkt ëmmer nach gréisstendeels iwwer Mëtteleuropa läit, dréint d’Stréimung kuerzzäiteg op Südwest. D’Bunn gëtt also fräi fir däitlech méi waarm an och méi dréche Loftmassen – e Comeback vum Summer.
De viraussiichtlechen Temperaturverlaf
E Summer-Comeback heescht elo net, dass immens héich Temperaturen ze erwaarde sinn. Ier mir op déi berechent Wäerter kucke stelle mir kloer, dass een an der Meteorologie vun engem Summerdag schwätzt, wann d’Temperatur bei op d’mannst 25°C läit. Dëse Wäert gëtt ganz warscheinlech an der neier Woch erreecht – dohier Summer-Comeback.
Den europäesche Modell rechent bis en Donneschden inclus dass eis Temperature klammen, bis dohi soll et dagsiwwer a Richtung 20 bis 24°C goen. Vum Freiden u géif et méi interessant ginn, dat duerch 24 bis 28 Grad. E Samsde wiere mir dem Modell no erëm bei “just” 20 bis 23 Grad ënnerwee, e Sonnde bei maximale 24 Grad.
Dem amerikanesche Modell no ass d’Muster änlech, just dass dëse schonn fir en Donneschde mat 26 Grad rechent. E Freide wiere nach 23 bis 25 Grad dobäi ier de Weekend selwer just nach 23 Grad sollen erreecht ginn.
Dës Auswäertung ass nach net definitiv – mee se weist awer, dass trotz Comeback vun dem engen oder anere meteorologesche Summerdag awer keng gréisser Hëtzt oder änleches a Siicht ass. Weider Versich fir däitlech méi héich Temperature gi vum amerikanesche Modell fir déi zweet Hallschent vum Mount berechent.