Temperatur-Update: Et gëtt deemnächst ëm 10°C ze waarm

En Déifdrockgebitt schëppt an der zweeter Wochenhallschent Loftmassen op Lëtzebuerg, déi fir d’Joreszäit vill ze mëll sinn. Eenzel Modeller wëllen esouguer 16 Grad net ausschléissen.

Grafik: Ugab vun der Temperaturanomalie, wxcharts.com.

Advertisement

D’Situatioun

En Hauch vu Fréijoer? An der zweeter Wochenhallschent hu mir et iwwert de britteschen Inselen an och dem äussersten Oste vum Atlantik mat Déifdrockafloss ze dinn, iwwerdeems iwwert dem Mëttelmierraum héije Loftdrock läit.


D’Grousswiederlag en Donneschden | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Dat féiert zu enger mëller Südweststréimung, déi eis iwwerduerchschnëttlech waarm Loftmassen op Lëtzebuerg lenkt.

Wéi waarm soll et da ginn?

D’Modeller si sech all driwwer eenz, dass d’Temperaturen däitlech wäerte klammen. E Mëttwoch si mir viraussiichtlech mat 8 bis 11 Grad dobäi, besonnesch laanscht d’Musel kënnen 12 Grad net ausgeschloss ginn. Virun allem fir en Donneschden ass een vun dëse Modeller nach méi offensiv ënnerwee: Den europäesche Modell wëll 13 bis hin zu 16 Grad net ausschléissen, iwwerdeems déi aner Modeller ëm 13 Grad als Maximum op eis duerkomme gesinn. Dëst ass vill ze waarm fir d’Joreszäit – op d’Laangzäitmoyenne vu 1979-2010 bezunn, wier et ëm 9 bis 11 Grad méi waarm wéi normal.

Och fir e Freide gi bis zu 13 Grad berechent, e Samsden an och e Sonnde wiere mir mat tëscht 9 an 12 Grad ënnerwee.

Wat heescht dat elo?

Eis erwaart eng Phas, an där et statistesch gesinn e gudden Tick ze waarm ass. E neie Rekord wäert et awer net ginn: Wa mir eis op d’Donnéeë vum staatleche Wiederdéngscht um Findel bezéien, da läit dësen bei 19,8 Grad, an déi sinn definitiv net dran. Trotzdeem ënnersträicht déi waarm Phas an dëser Woch nachemol däitlech, dass dës Phasen vun der Stéckzuel hier ëmmer méi oft optrieden an och déi zäitlech Ofstänn dotëscht méi kleng ginn. Et seet keen, dass et virun “20 Joer” net schonn mol waarm am Februar war. Et geet drëm, wéi staark déi ze waarm Phasen an de leschte Joren zougeholl hunn.