Temperatur-Update: Héichdrockgebitt bréngt eis waarmt Wieder

Och dem neie Stand vun de Modeller no kritt sech eist Héichdrockgebitt, wat mir momentan schonn iwwert eis hunn, nach besser duerchgesat. Et sti waarm a gréisstendeels dréchen Deeg un.

Advertisement

Héichdrockgebitt setzt sech kuerz bei eis duerch

Genee wéi an de leschten Artikelen ugedeit, setzt sech momentan ëmmer méi héije Loftdrock iwwert eis duerch. Den Zesummeschloss aus engem Héich, wat vu Skandinavien aus kënnt an engem weidere, wat vu Südwesteuropa hier ënnerwee ass, wäert am Laf vum Sonndenowend geschéien. Vun do un bleift den Héichdrockafloss bis de Weekend bestoen, woubäi een awer och muss betounen, dass schonn vum Mëttwoch/Donneschden un e puer eenzel Stéierunge méiglech sinn.

Déi méiglech Temperaturen

Bei dësen Entwécklunge stinn d’Temperaturen am Fokus, well op d’mannst plazeweis an eisem Land déi bis ewell héchst Temperature vum Joer kéinte gemooss ginn – allefalls ass dat alleng vun der simuléierter Loftmass hier méiglech.


Déi berechent Loftmassentemperatur fir de Feierdag (1. Mee) | Grafik: wxcharts.com

Dem europäesche Modell no packe mir et e Méinden op tëscht 18 an 21 Grad, en Dënschde punktuell och mol op 22. Fir e Mëttwoch rechent dëse Modell mat 20 bis 23 Grad, ier et dann vum Donneschden u lues a lues erëm soll biergof goen. Den amerikanesche Modell ass fir e Méinde mat de selwechte Wäerter ënnerwee, en Dënschde wiere laanscht d’Musel bis zu 23 Grad dran. Och fir e Mëttwoch ginn tëscht 20 an 23 Grad berechent, en Donneschde wieren et punktuell bis zu 24 Grad. Laut dësem Modell si Wäerter vu 25 Grad a méi e Freiden am warscheinlechsten, eréischt e Sonnde wieren d’Wäerter däitlech manner héich ënnerwee.

Dës waren elo déi “réi” Modellrechnungen, direkt aus dem Computer. Mir wëssen awer, dass et duerch verschidden aner Faktoren a ländlech Konditiounen gutt 1 bis 3 Grad méi waarm ka ginn. Alles an allem kann ee soen, dass Stand elo, ënner perfekte Konditiounen, e Mëttwoch an Donneschde schonn plazeweis 25°C oder knapp driwwer kéinten erreecht ginn. Fir de Weekend gëtt d’Situatioun dann e gutt Stéck méi wackeleg, mee do si mir nach net.

Modeller deite Stéierungen un

Et gëtt vu Modell zu Modell ënnerschiddlech ugedeit, mee et schéngt awer eppes “am Busch” ze sinn. En Dënschde suergt en Déif iwwert de westlechen Alpen dofir, dass sech vum ëstleche Frankräich aus e puer eenzel Schliet kéinten a Richtung Nordostfrankräich, Saarland a Baden-Württemberg ausbreeden. Dës wieren immens lokal, heiheem wier d’Warscheinlechkeet dovun och just minimal. E Mëttwoch hätte mir en änlecht Spill – also ëmmer nach meeschtens dréchen, mee d’Schauerwarscheinlechkeet wier net 0. Fir e Sonnde gëtt vum amerikanesche Modell eng Donnerwiederlag ugedeit, wat den europäesche Modell awer nach aneschters gesäit.


Moment-Opnam vum amerikanesche Modell fir de Sonnden (4. Mee) mat enger potenzieller Donnerwiederlag | Grafik: wxcharts.com

Alles an allem kann ee soen, dass aus momentanem Stand aus gesinn a Richtung Enn der Woch och eenzel méi naass Zenarien net ausgeschloss sinn, meeschtens a Form vu lokale Schaueren an Dimmeren. Wéi et sech genee entwéckelt, an ob fläit eng Donnerwiederlag dorauser entspréngt, dat hale mir am Aen a mellen eis mat engem Update zréck, soubal et méiglech ass.