Temperatur-Update: Lëtzebuerg um Rand vu polare Loftmassen

Am Update vun e Méinden hu mir vu grousser Keelt geschwat, déi vu Russland aus en Afloss op eist Wieder kéint huelen. Wat dat betrëfft, ginn et elo Neiegkeeten – en Update.

Advertisement

D’Situatioun

Mir hunn et momentan ëmmer nach mam selwechte klengen Déifdrockgebitt ze dinn, wat eist Wieder schonn d’lescht Woch beaflosst huet. Et louch an de leschte Stonnen iwwert der Nordséi a verlagert sech am weidere Verlaf erëm zréck op eise Kontinent. Zur selwechter Zäit läit e grousst Héichdrockgebitt iwwer Russland, wat no a no de skandinavesche Raum mat polare Loftmasse “flut”. Well Déifdrockgebitter géint d’Auer dréine, wéckelt eist Déif e klengen Deel vun dëser Keelt op a féiert se récksäiteg op Lëtzebuerg. Während dem Freiden zitt sech d’Keelt erëm a Richtung Däitschland zréck, well eist relevant Déifdrockgebitt ganz séier a Russland virunzitt.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis Ufanks der nächster Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Weekend iwwer dominéiert e massivt Héichdrockgebitt d’Géigend ronderëmt Grönland, iwwerdeems e grousst Déifdrockgebitt iwwer Russland läit. D’Kombinatioun aus den zwee suergt dofir, dass et zumools am Nordosten a Südoste vun Däitschland nach bis e Méinde knackeg kill bleift. Temperature vun ënner -10°C (lokal -20°C) sinn do ze erwaarden, iwwerdeems sech déi markantst Keelt iwwer Russland selwer wäert ophalen. Hei zu Lëtzebuerg mierke mir vun all dem net besonnesch vill, well mir um Rand leien.

Den Temperaturverlaf bei eis

Der Modellauswäertung vun den Owend no mierke mir duerch dat ganzt Geschéie, wéi gesot, net all ze vill – en Ënnerscheed gëtt et trotzdeem. Muer um Donnesche si Maximalwäerter vun tëscht 1 a 5 Grad dran, e Freide wieren et 2 bis 4 Grad an e Samschden 1 bis 3 Grad. Änlech Wäerter hätte mir e Sonnde mat 1 bis 5 Grad an e Méinde mat 2 bis 5 Grad, ier et vun en Dënschden u mat 4 bis 8 Grad erëm e gutt Stéck méi waarm kéint ginn.

Wat d’Nuetstemperature betrëfft, hu mir et zumools um fréie Freiden- a Samschdemoie mat Minimalwäerter vun ëm -5 Grad ze dinn, zumools an den Däller. Am Laf vun der nächster Woch korrigéieren déi sech nëmme lues erëm no uewen.