Temperature schaukele sech erop: Geschwënn méi wéi 30 Grad méiglech

D’Wiedermodeller gesi fir déi nächst Zäit eng Ännerung vun der Grousswiederlag, déi dozou féiere kéint, dass mir geschwënn héichsummerlech Temperature vu méi wéi 30 Grad zu Lëtzebuerg moossen.

Advertisement

Situatioun schéngt sech ze konkretiséieren

Wéi schonn de leschte Mëttwoch ugedeit, steet e méigleche Changement vun der Grousswiederlag am Raum. Dës Ännerung war deemools zwar just eng Iddi, mee an Tëschenzäit gëtt et awer eng reell Chance, dass sech dës bei eis duerchsetzt.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag den 11. Juni 2023 | Grafik: wxcharts.com | Edit: Météo Boulaide

D’Iddi ass ëmmer nach déi selwecht: Vum Dënschden un wandert en Déifdrockgebitt westlech u Portugal laanscht a Richtung Norden. Bis de nächste Weekend soll dat Déif knapp westlech vun de britteschen Insele leien an doduerch wéi eng grouss Schëpp waarm bis hin zu héichsummerlech Loftmassen op Mëtteleuropa bréngen. Och den europäesche Wiedermodell ass där Meenung, wat nach eng Kéier ënnersträicht, dass et an Tëschenzäit schonn e bësse méi konkret ass wéi nëmmen eng Iddi.

30 Grad an driwwer

Géifen d’Modellkaarten esou bleiwe wéi de Moment, dann hätte mir et vum Freiden an enger Woch un mat 27 bis 31 Grad ze dinn – dat selwecht gëllt fir de Samsden an och de Sonnden. Dem amerikanesche Modell GFS no géif et esouguer nach en Tick méi waarm ginn.

Natierlech sinn dat normal Wäerter fir e Summer, mee et wier den éischte markante Virstouss vu summerleche bis héichsummerleche Loftmasse fir dës Saison. Leit, déi immens empfindlech op d’Hëtzt reagéiere, sollte sech also dës Warscheinlechkeet am Hannerkapp ofspäicheren.

Mat dësem Changement géif och de Risk vun eenzelnen Donnerwieder no enger Zäit an d’Luucht goen. Dozou awer an engem aneren Artikel méi.