D’Hëtztwell aus dem Mëttelmierraum huet sech an den Oste verlagert, wou verschidde Statiounen erëm nei Allzäitrekorder konnten opstellen – Albanien huet zanter gëschter esouguer e neie Landesrekord! Och a Kanada ass et waarm, d’Land gouf net vu Rekorder verschount.
Hëtztwell verzitt sech an den Osten
D’Hëtztwell, déi an de leschte Wochen fir extreem Wiederverhältnisser am Mëttelmierraum gesuergt huet, huet sech an Tëschenzäit ganz an den äusserste Südoste vun Europa verzunn an ass geschwënn och guer net méi op eise Kaarten ze gesinn. Dat heescht also, dass et iwwert den anere Géigenden déi immens vun der Hëtzt betraff waren an de leschten Deeg zu enger däitlecher Ofkillung koum. Kal ass et zwar ëmmer nach net, mee et geet normal summerlech virun.
Albania 🇦🇱 has hit 44°C for the first time on record (new national heat record) and a weather station in Canada breaks all-time record with data going back over 100 years.
These are standard air temperature observations. These are not land surface temperatures. pic.twitter.com/4Nb0ohD7qy
— Scott Duncan (@ScottDuncanWX) July 26, 2023
Duerch d’Verlageren an den Osten si weider Rekorder opgetrueden. Un der Statioun vun der Stad Izmir an der Tierkei si fir déi éischt Kéier iwwerhaapt 43,2°C gemooss ginn. Den ale Rekord vum 12. August 2002 louch bei 43,0°C, wat also heescht, dass dësen ëm 0,2°C iwwertraff gouf.
BREAKING: Heatwave in Europe spreads east and İzmir in Türkiye 🇹🇷 just recorded its hottest day on record with 43.2°C air temperature. pic.twitter.com/SwvUuzjrmj
— Scott Duncan (@ScottDuncanWX) July 26, 2023
Anescht wéi an der Tierkei, wou just statiounsbezunn Rekorder gemooss goufen, ass an Albanien e neie Landesrekord opgetrueden. Den Thermometer huet 44,0°C gemooss – den héchste jeemools gemoossene Wäert fir d’Land.
Wa mir iwwert de grousse Pull kucken, dann huet och Kanada e neien Allzäit-Statiounsrekord opgestallt. Am Nordoste vum Land, un der Statioun vu Natashquan, ass e Wäert vu 29,0°C gemooss ginn. D’Statioun huet am Joer 1914 ugefaange mat moossen.
Dës Wäerter goufen alleguer der Norm no gemooss, an domat och op +/- 2 Meter Héicht wéi et soll sinn. Dëst si keng Buedemtemperaturen.