Gëschter hätten eis Temperaturen e Maximum vun tëscht 3 a 6°C sollen erreechen, am Endeffekt ass et fir tëscht -2 a knapp 3°C duergaagen. Grond fir dëse markanten Ënnerscheed war eng sougenannt Inversioun.
Advertisement
Inversiounswiederlag suergt fir falsch Prognos
Ënnert enger Inversiounswiederlag versteet een d’Situatioun, an där d’Temperaturen an den ënneschte Loftschichten mat der Héicht net wéi normal erofginn, mee an enger bestëmmter Schicht souguer eropginn. Dëst geschitt, wa waarm Loft sech iwwert kill Loft leet, wat d’Vertikalmëschung vun der Loft blockéiert. Am Fall vu gëschter louchen d’Temperaturen vum Buedem aus bis op ongeféier 500 Meter am Minus, driwwer ass et séier a Richtung 10°C gaangen. Et louch also eng richteg Wiermtblos iwwert eis, ënnert där déi kill Loft bei eis um Buedem wéi ënnert enger Hauf festgehale goufen. D’Konsequenz doduerch sinn dann net nëmmen déi niddereg Temperaturen, mee och immens zéi an déck Niwwelfelder, déi sech dagsiwwer net opléisen. D’Kombinatioun aus den zwee huet plazeweis duerch d’Fiichtegkeet vum Niwwel esouguer eng dënn Äisschicht erginn, déi sech un de Beem an anere Géigestänn dobausse gewisen huet.
Eng aner Saach, déi duerch déi spontan däitlech méi niddereg Temperaturen zustane koum, war Reen – trotz Minusgraden. De Grond dofir ass einfach: De Reen ass vu senger Wollek aus a Richtung Buedem gréisstendeels duerch eng Loftmass mat Plusgrade gefall. Kënnt de Reen op den ënneschte puer 100 Meter un, wou mir jo gëschter däitleche Minus haten, huet e net genuch Zäit zu Schnéi ze ginn, an trëfft doduerch als Reen op de gefruerene Buedem. Dëst ka séier glat Stroossen an och Trottoiren zur Konsequenz hunn. Dohier hate mir gëschter tëscht 15:50 an 20:30 Auer e Wiederhiweis per SkyWatch aktivéiert. Op de Koppe vum Land war et plazeweis nach méi laang deelweis glat, well d’Äis vun de Beem op d’Stroosse gefall ass.