
Fir de Moment gëllt et mol nach dat waarmt Fréisummerwieder ze genéissen, well et definitiv net esou wäert bleiwen. Nom Réckgang e Sonnde sinn e Méindemoie Wäerter vu nëmme nach knapp iwwer null méiglech.
Advertisement
Weiderhi markanten Temperaturréckgang an Aussiicht
Wéi schonn thematiséiert, verlagere sech e Samschde kill Loftmassen aus dem Norde vun Europa an eis Géigenden an treffen op eis momentan bestoend waarm Loftmassen. Doduerch klëmmt de Risk vun deels méi kräftege Schaueren an Donnerwiederen – wou de Korridor dovu läit, fannt Dir an dësem Artikel. Soubal sech déi kill Loftmassen, also d’Kalfront, duerchgeschafft huet, gëtt et séier méi kal: E Sonnde si nach viraussiichtlech Maximalwäerter vun tëscht 10 a 17 Grad erreecht, e Méinde wieren et dem momentane Stand no nach 8 bis héchstens 14.

Zumools an de Nuechte kann et fir sensibel Summerplanze brenzeleg ginn, fir e Méindemoie gi momentan tëscht 1 a 4 Grad simuléiert – dass iergendwou an den déifsten Däller och mol de Gefréierpunkt touchéiert gëtt, ass net ausgeschloss. En änlechen Zenario hätte mir och an der Nuecht op en Dënschden, ëmmer nach zumools an den Däller. An den Deeg drop ginn ëmmer nach déif Fréitemperature berechent, opgrond vun der zäitlecher Distanz bleift den Trend awer mol nach ofzewaarden. Wa Dir sensibel Planzen hutt, da kënnt Dir dës Info allefalls am Hannerkapp ofspäicheren.