Aussiichten: Temperatursprong op 10 Grad méigleg

Vun haut un gëtt ët nët nëmme méi mëll, mee ët ass och nach meteorologësche Fréijoersufank. Pünktlëch dozou hunn d’Modeller éicht fréijoerméissëg Léisungen am Petto. Demno ass bei eis demnächst e markanten Temperaturkontrast am Verglach zu de Werter aus de leschten Deeg méigleg.

Virdéicht mol nach e Wuert vir de Recht vun der Woch: Ët gëtt zwar méi mëll, allerdéngs kann ët muer um Freiden awer nach zu Schnéischauere kommen. Dobäi kann zäitweis an enk begrenzt d’Optriede vu Glëtz nët ausgeschloss ginn. E puer Zentimeter Schnéi sinn méigleg.

Vum Samsden un fléisse lues a lues méi mëll Loftmassen aus südwestlëche bis südlëche Richtungen an eis Géigenden, déi d’Temperaturen um Buedem klamme lossen. Um Samsden wier aus aktueller Siicht gesinn e Maximalwert vu bis zu 7 Grad méigleg, de Sonndën souguer bis 10 Grad. Och wann ët méi waarem gëtt, muss awer zäitweis mat ë puer Schauere gerechent ginn.

Copyright by Météo Boulaide

Och ufanks der neier Woch bleift ët den aktuelle Modellleef no mëll. D’Temperature kënnen, virun allem laanscht d’Musel an an der Staad, bis zu 10 Grad ereechen. Am Norden si Werter rondrëm 6 Grad am wahrscheinlëchsten.

Wéi gesäit ët mam Frascht aus?

An der Nuecht op de Samsden kann ët nach zu liichtem Frascht kommen, d’Temperature leien an de fréie Moiesstonne lokal bei knappe Minusgraden. Vum Sonndën un wärt Frascht awer nëmme nach op de wéinëgste Plaatzen een Thema sinn. Gréisstendeels pendlen se sëch nämlëch zwëschen 2 a 5 Grad an.

A wéi ass ët mam weidere Verlaaf?

Kuckt een déi aktuell Ensemblerechnungen, da si sëch déi meecht Memberen eenëg, dass d’Temperaturen a nächster Zäit daagsiwwer gréisstendeels am Plusberäich leie wärten. An de Nuechten ginn ët awer ëmmer rëm Ausräisser ënnert de Gefréierpunkt.

Ass de Wanter elo eriwwer?

Nee. Och wann den Trend de Moment op méi mëll Temperature steet, kann ët am weidere Verlaaf vum März trotzdem mol zu klenge Réckschléi kommen, bei dene Schnéischaueren a Frascht méigleg wieren.