
Bis de Mëttwoch fléisse nach méi waarem Loftmassen eran. Doduerch klammen d’Temperature nachengkéier däitlech un, ier et ab dem Donnëschden zu engem gréisseren Temperaturstuerz kënnt.

Aktuelle Modellrechnunge no ass de Verlaaf vir déi nächst Zäit zimmlech sëcher: Muer um Mëttwoch kënne nachengkéier 25 bis 30 Grad ereecht ginn, dobäi si manner Wollécken ënnerwee an d’Sonn dominéiert. Vum Donnëschden un ginn awer scho rëm méi kill Loftmassen an eis Géigende geschëppt, soudass et och bei eis um Buedem zu enger gréisserer Temperaturännerung komme wärt.

Dës Temperaturännerung mecht sech als richtegen Temperaturstuerz bemierkbar. Iwwerdeems de Mëttwoch nach bis zu 30 Grad dra ware, sinn et den Donnëschde just nach 20 Grad. Dëst bedeit awer net, dass mir och vill Reen kréien. D’Nidderschlagssignaler op den Ensemble si nachëmmer zimmlech geréng, soudass a nächster Zäit wuel kaum eppes nennenswertes vun uewen eroofkomme sollt.

Gläichzäiteg gesäit een un der iewechter Halschend vum Ensemble, also un den Temperatursimulatiounen, dass dësen Temperaturstuerz net vu laanger Dauer ass. Ëmmer méi Modeller rechnen duerno rem e stabilt Héichdrockgebitt, méiglegerweis eng Omega-Lag, déi eis bestännëgt Summer- oder Héichsummerwieder besuerge kéint. Dobäi läit virun allem den Zäitraum vum 27. bis de 5. Juli mat am Fokus.