Tonga Explosioun: 500 mol méi staark wéi Hiroshima-Atombomm

Wëssenschaftler vun der NASA hunn éischt Estimatiounen zu der enormer Eruptioun/Explosioun vum Hunga-Tonga-Hunga-Ha’apai-Vulkan ofginn.

Equivalent vun 10 Megatonnen TNT

Wëssenschafter vun der NASA hunn éischt Estimatiounen zu der immenser Eruptioun vum Hunga-Tonga-Hunga-Ha’apai-Vulkan ofginn. Um Samsdenowend war dësen nämlech reegelrecht explodéiert an huet op mannst eng Schockwell ronderëmt déi ganz Welt geschéckt, Iwwerreschter vun Tsunamiwellen waren esouguer an Irland moossbar. Haut ass vun der Hunga Tonga-Hunga Haʻapai-Insel net méi vill iwwereg.

D’Explosioun vum Vulkan hätt dem Equivalent vun 10 Megatonnen TNT entsprach – dat huet de NASA-Wëssenschaftler James Garvin dem National Public Radio (NPR) matgedeelt. Dëst bedeit, dass d’Sprengkraaft méi wéi 500 mol esou staark war wéi d’Atombomm, déi zum Schluss vum zweete Weltkrich iwwer Hiroshima ofgeworf gouf. D’Explosioun war, wéi gesot, net nëmmen op der ganzer Welt moossbar, mee esouguer bis op Alaska ze héieren. Dem Geophysiker Michael Poland no wier dëst soumat méiglecherweis eent vun den haartsten Evenementer an der Geschicht vun eisem Planéit gewiescht a warscheinlech och déi haartsten Explosioun zanter der Eruptioun vum Krakatau-Vulkan an Indonesien am Joer 1883. Deemools waren dausende vu Menschen ëmkomm, duerch déi vill Äschen an der Atmosphär war e groussen Deel vun der Regioun ronderëm d’Auer am Däischteren.

D’Eruptioun huet net nëmmen d’Landkaart verännert, mee huet esouguer d’Ënnerséikablen, déi d’Tonga-Regioun digital mat der Welt vernetzt, beschiedegt resp. gekappt.

D’Vulkaninsel virdrun…


Foto: Maxar Technologies

… an elo


Foto: Maxar Technologies