Tonga: Tsunamiwellen no enormer Eruptioun vun Ënnerwaasser-Vulkan

Ausland: No enger Rëtsch Eruptiounen vum Ënnerwaasser-Vulkan Hunga Tonga koum et de Moien eiser Zäit zu enger spektakulärer Explosioun.

Tonga no massiver Eruptioun vun Tsunami getraff

Um Samsdemoie géint 05 Auer eiser Zäit ass den aktiven Ënnerwaasser-Vulkan, deen tëscht de vulkaneschen Inselen Hunga Tonga an Hunga Ha’apai läit, a groussem Stil ausgebrach – op Satellittebiller ass eng reegelrecht Explosioun ze erkennen. Schonn an de leschten Deeg a Wochen huet et de Vulkan ëmmer erëm an déi weltwäit Press gepackt.

Dës massiv Explosioun huet en Tsunami ausgeléist. An der Haaptstad vun Tonga, Nuku’alofa, gouf dem US-amerikaneschen Tsunami-Warnzenter no eng Flutwell vun 83 Zentimeter gemooss. D’Angscht viru weideren Tsunamien fir déi ëmleiend Inselen ass grouss.

Schonn gëschter um Freiden huet de Vulkan seng Äschen bis zu 20 Kilometer héich an d’Atmosphär geblosen. D’Leit gi weiderhin dozou opgefuerdert, sech beschtméiglechst vun de Küsten ewechzehalen. Desweidere gëtt virun zolitte Nidderschléi, geféierleche Wellen a staarke Mieresstréimunge gewarnt.

Op de Satellittebiller gesäit een, wéi sech d’Schockwell ausbreet.

Zu Auckland a Neiséiland, wat 2000 Kilometer ewech läit, ass d’Schockwell duerch Barometere gemooss ginn.

De Vulkan ass zanter 2009 ëmmer erëm ausgebrach. Déi neist Explosioun war gutt aus dem Weltall ze erkennen.