Tonga-Vulkanausbroch: Drockwellen hu Lëtzebuerg iwwerrullt

Déi zolitt Eruptioun vum Tonga Vulkan gëschter Moie war ronderëmt déi ganz Welt ze spieren oder op mannst moossbar. Titelbild: (c) RNZ

Wat war geschitt?

Um Samsdemoie géint 5 Auer eiser Zäit ass den Hunga-Tonga-Hunga-Ha’apai-Vulkan a groussem Stil ausgebrach a reegelrecht explodéiert. Op Satellittebiller war déi enorm Explosioun gutt ze erkennen – an och d’Schockwell, déi nofolgend ronderëmt de ganze Globus gerullt ass.

Duerch déi enorm Ënnerwaasser-Explosioun ass en Tsunami ausgeléist ginn. Sou wéi d’Schockwellen hunn och d’Tsunamiwellen enorm grouss Strecken zréckgeluecht, esouguer un der Westküst vun den USA sinn Iwwerreschter dovun ukomm.

Schockwell ass och iwwer Lëtzebuerg ewechgerullt

D’Schockwell vun der massiver Explosioun ass ronderëmt de ganze Globus gerullt. Gëschter Owend géint 20:05 huet eis d’Schockwell hei zu Lëtzebuerg erreecht an huet un alle Wiederstatioune fir signifikant Schwankungen vum Loftdrock gesuergt. Un der Météo Boulaide-Wiederstatioun ass de Loftdrock tëscht 20:05 an 20:25 Auer vun 1023,74 hPa op 1025,06 hPa geklommen, wat eng Differenz vu +1,32 hPa ausmécht. Vun dësem Peak aus ass de Loftdrock op 1022,18 hPa gefall, Differenz: -2,88 hPa. Bis an déi zweet Nuetshallschent eran hunn d’Loftdrockmiessungen d’Form vun der Schockwell imitéiert a sech lues a lues probéiert ze normaliséieren.


Loftdrock un der Météo Boulaide-Wiederstatioun

Duerno, um 02:20 Auer um fréie Sonndemoien, ass eng weider Anomalie opgetrueden. De Loftdrock ass vun 1023,4 hPa op 1022,25 hPa gefall, Differenz: -1,15 hPa. D’Erkläerung: Well d’Äerd eng Kugel ass, rullt d’Schockwell net nëmme vun enger Säit aus iwwert eis, mee och nach eng Kéier vun der anerer, well se ronderëmt de ganze Globus rullt.

Fir et nach eng Kéier virun Aen ze féieren: dës Explosioun huet 16.700 Kilometer vun heiheem fort stattfonnt.

Wéi gesot, war dat net nëmmen un dëser Wiederstatioun ze verzeechnen, mee u quasi alle Statioune ronderëmt déi ganz Welt.

Esou ass d’Schockwell iwwer Däitschland gezunn

Wéi dës zwee Tweets weisen, ass déi “éischt” Well aus Norden bei eis komm, déi “zweet” logescherweis aus Süden.

Iwwerreschter vun Tsunamiwellen an Irland

Nieft der Schockwell, déi ronderëmt déi ganz Welt moossbar war, hunn et och d’Welle vum ausgeléisten Tsunami wäit gepackt. Un der Castletownbere-Wiederstatioun an Irland ass en Ustieg vum Mieresspigel registréiert ginn, de Peak gouf kuerz viru 04 Auer an der Nuecht erreecht. Ëmmer nach beandrockend, wann ee bedenkt, dass dës Wellen hiren Uersprong vun Irland aus 22.000 Kilometer wäit ewech haten.


Minimalen Ustieg vum Mieresspigel an Irland | Quell: IOC-VLIZ