
Op wéi engen Informatioune baséieren iwwerhaapt d’Warnunge vun eisem System? Firwat spillen tatsächlech Beobachtungen esou eng grouss Roll? A wéi kann eng besser Opkläerung vun der Populatioun zu engem bessere Warnmanagement bäidroen?
Advertisement
Eenzegaarteg fir Lëtzebuerg
Wéi an der deemooleger Ukënnegung vun eisem SkyWatch-Warnsystem hu mir polygonbaséiert Warnungen agefouert. Dëst erméiglecht et eis, vill méi punktuell a präzis ze warnen. Dëst ass eng besser Léisung wéi de gängege System, bei dem Lëtzebuerg an zwou Hallschenden opgedeelt ass.
Virdeeler vu polygonbaséierte Warnungen:
- Vill méi punktuell a präzis duerch geografesch Markéierung
- Verhënnert, dass Leit, déi et net betrëfft, gewarnt ginn
- D’Leit kënne besser beuerteelen, ob si wierklech betraff sinn
- D’Vertraue vun der Populatioun gëtt gestäerkt
Fir eise System si fest Warnkrittäre festgeluecht ginn. Ginn d’Krittären esou just net erreecht, kann op en einfache Wiederhiweis zréckgegraff ginn. Méi Informatiounen zu de Krittäre fannt Dir hei.
En Hiweis oder eng Warnung gëtt just fir Phänomeener erausginn, déi entweder imminent oder amgaange sinn. Informatiounen am Viraus ginn entweder a Form vun engem Artikel oder och engem Donnerwieder-Outlook esouwéi enger Virwarnung ausgedréckt. Am Fall vun enger Virwarnung drécke mir just d’Potenzial fir e bestëmmt Phänomeen aus, d’Gefor ass awer nach net imminent. Wa se sech konkretiséiert oder tatsächlech usteet, gëtt eng Warnung erausginn.
Eng Tornado-Warnung den 20.06.2024, wéi koum et iwwerhaapt dozou?
D’lescht Woch huet iwwer groussen Deeler vu West- a Mëtteleuropa de Risk vu Superzellen bestanen. **Ënnert enger Superzell versteet een en Donnerwieder mat engem rotéierenden Opwandberäich.** Un dësen Zellen ass de Risk vu grousse Knëppelsteng, Stuermstéiss an och Tornadoen däitlech méi héich wéi bei “normalen” Donnerwiederzellen. Nodeems schonn den 18. Juni esou eng Superzell iwwert d’Nordspëtzt vum Land ewechgezu war, koum et den 20. Juni am äusserste Südoste vum Land op e Neits zu esou enger Zell.

Alleng duerch Radardonnéeën war se schonn däitlech opgefall, well se e sougenannten “Dipol” gewisen huet. Dorënner versteet een eng enk begrenzt Géigend um Radar, an där de Wand op klengstem Raum aus verschiddene Richtungen laanschteneestréimt – also Rotatioun. Dëst kënnt reegelméisseg vir. E Beweis fir en Tornado ass dat net, mee et dréckt e gewësst Potenzial aus.

Dat, wat am Endeffekt awer zu der Tornado-Warnung gefouert huet, waren tatsächlech Beobachtungen op der Plaz: Ze gesi war eng sougenannt rotéierend “Wallcloud”, déi de Rotatiounszentrum ënnert enger Superzell kennzeechent. Dës huet, wou d’Zell nach a Frankräich war, schonn déi eng oder aner Triichterwollek (Funnel Cloud) gewisen – also eng tornadoänlech rotéierend Struktur, déi awer net de Buedem beréiert huet.

Wärend sech déi schonn immens fotogen Superzell a Richtung Nordoste beweegt huet, huet se géint 18:50 Auer eng immens ausgepräägt Wallcloud net wäit vun Elléng forméiert, déi zimmlech no um Buedem gehaangen huet. Duerch hir léierbuchhaft Struktur, hir buedemno Rotatioun, an duerch déi eng oder aner Funnelcloud – gekoppelt mat de Radarbiller – war d’Konklusioun kloer: Et huet eng imminent Gefor vun engem Tornado bestanen, an dohier hu mir mat eisem Warnsystem gehandelt: Um präzis 18:50 Auer an 38 Sekonnen hu mir eng Tornado-Warnung fir de weidere Lafwee vun der Zell erausginn.

D’Bedeitung vun enger Tornado-Warnung
Wéi mir et matgedeelt haten, huet dës spezifesch Warnung net geheescht, dass tatsächlech en Tornado amgaangen ass – et war, ausdrécklech betount, eng imminent Gefor ausgedréckt ginn, dass sech een forméiere kann – ebe baséierend op den tatsächleche Beobachtungen, gekoppelt mat de Radardonnéeën.
Eng Tornado-Warnung gëtt erausginn, wann:
- Entweder eng tatsächlech Beobachtung vun engem Tornado oder imminenter Gefor virläit
- oder eng staark Kennzeechnung an de Radardonnéeën ze gesinn ass
An dësem Fall war et eng Mëschung aus den zwee, wat am Endeffekt glécklecherweis awer esou just net an engem Tornado resultéiert huet. Et war also eng Virsiichtsmoossnam, déi op eendeitegen Indicen op eng imminent Gefor baséiert huet.
Tornadoe si nëmmen an de rarste Fäll gutt oder eendeiteg um Wiederradar ze gesinn. Meeschtens ass een also vun tatsächlechen Observatiounen ofhängeg, déi net wäit vun der Plaz oder op der Plaz gemaach ginn. Warnungen dozou wäerten also an de meeschte Fäll just op staark verdächtege Radarbiller baséieren, iwwerdeems Warnungen virun engem tatsächlechen Tornado just bei zäitlecher/rechtzäiteger Meldung vun Aenzeien méiglech ass. Well Tornadoen awer och zu eiser Palett u Wiedergeforen dozougehéieren, war et eis wichteg, dës Warnungen anzeféieren – Lëtzebuerg ass, duerch seng Gréisst, schonn oft dem engen oder aneren Tornado “vun der Schëpp” gesprongen – hei en Artikel dozou aus dem Joer 2021.
Educatioun ass wichteg
Zu Lëtzebuerg feelt et der Populatioun un Extremwieder-Opkläerung: Vill Leit sinn der Meenung, et kéint si net treffen – déi schlëmm Onwieder “ginn et just an den USA”. Fir d’Zukunft ass et wichteg, dem allgemenge Public de breede Spektrum vu Wiedergeforen méi no ze bréngen; vill ze oft gëtt behaapt, et wier eppes “wéi aus dem Näischt” komm. Dem wëlle mir entgéintwierken, well mir wëssen, dass et machbar ass. Dohier hu mir d’lescht Joer och eng Sensibiliséierungscampagne zu Wiederextreemer zu Lëtzebuerg lancéiert, déi erkläert, wat am Fall vu verschiddenen Zenarien ze maache wier.
Eist Zil ass et, d’Lëtzebuerger Land “Weather Aware” ze maachen. Dat kann am Fall vun de Fäll grousse Schued verréngeren an och d’Liewensgefor andämmen. Anerersäits kann doduerch fläit och erreecht ginn, dass mir eis net méi esou oft musse fir eis Aarbécht rechtfäerdegen.