Trend: De Summer kënnt gläich rem

Am leschten Artikel iwwert de weidere Verlaaf war de weideren Trend opgrond vu Modellënnerscheeder nach net wierklech kloer. Elo kristalliséiert sech awer eraus, dass et wuel definitiv rem richtëg waarem gëtt.

Geschwënn rem däitlech méi waarem zu Lëtzebuerg

De Weekend geet mol nach mat enger gudder Partie Wollécken iwwert d’Bühn. Lokal begrenzt kann et mol zu Schauere komme, mee vun der Quantitéit hier ass awer net vill ze erwaarden. D’Temperature wärte sech dobäi tësche 15 an 23 Grad am Dag apendlen. Trotz de méi décke Wollécke sinn awer och sonnëg Momenter méigleg.

Am weidere Verlaaf fléisse méi waarem Loftmassen op Lëtzebuerg a mir gerooden ënner Héichdrockafloss. De Méinde si mol nach méi déck Wollécken ënnerwee, ier dës awer vum Dënschden un däitlech manner präsent ginn. D’Temperature klammen op 24 bis 28 Grad. Richtëg waarem soll et da vum Mëttwoch u ginn: Virun allem an der Géigend vun der Stad a laanscht d’Musel si mol Werter vu bis zu 30 Grad ze erwaarden. Dobäi zéie just e puer harmlos Wollécken iwwert den Himmel.

D’Temperaturen aus annerhalwem Kilometer Héicht deite summerlecht bis héichsummerlecht Wieder bei eis um Buedem un. Grafik: WXCHARTS.EU

Kuckt een déi aktuell Ensemblerechnungen, da schéngt dësen Trend stabil a ganz wahrscheinlech ze sinn. Et ka wuel zu klengen Ännerunge kommen, mee eng komplett Ëmstellung ass quasi net méi méigleg. Réicht ab dem Donnëschden/Freiden nächst Woch ass mat enger grousser Onsëcherheet ze rechnen. Déi eng Membere gesinn d’Temperature rem zréckgoen, anerer bleiwe beim héichsummerlëchen Trend. An där Period wier dann och viru kaum Nidderschlag ze erwaarden. Hei d’Grafik:

Grafik: meteociel.fr