Trend: Méi waarem a mol rem bësse Reen a Siicht

En Héichtendéif bestëmmt eist Wieder… mee net méi laang. Scho gläich ass rem Bunn fräi vir méi waarem Loftmassen.

Méi waarem, mee Reenrisk

Demnächst fanne wuel rem méi waarem Loftmassen hiere Wee op Lëtzebuerg, allerdéngs wärten do och e puer méi onbestännëg Passagen dobäi sinn. Dëst bedeit, dass a nächster Zäit wuel summerlech, demno wéi souguer héichsummerlech Entwécklunge méigleg sinn, mee tëschenduerch trotzdem mol déi eng oder aner Schauer oder och mol e lokalt Donnerwieder duerchzéie kann. Ze erkennen ass daat och op der 6-Deeg-Iwwersiicht:

De Mëttwoch an den Donnëschde gëtt et scho rem lues awer secher méi waarem. 20 bis 26 Grad stinn um Programm, dobäi ass mat engem Mix aus Sonn a Wollécken ze rechnen. Um Freiden an och um Samsde geet et weider mam Trend: Et gëtt méi waarem. Allerdéngs kënne sech, sou wéi den amerikanesche GFS et z.B gesäit, e puer Schéinheetsfehler aschläichen. Bei enger Partie Wollécke besteht e minimale Risk vun eenzelne Schaueren oder eventuell souguer Donnerwiederen. Well de Risk net wierklech gutt ausgeprägt ass, wärte just vereenzelt Géigenden an der Groussregioun eppes dovunner matkréien. Op de meechte Plaatze bleift et also éichter bei engem Sonn- Wolléckemix an Temperaturen, déi et op bis zu 30 Grad packe kënnen.

Animatioun vun den Temperaturen an annerhalwem Kilometer Héicht. Ze erkennen ass, dass ab der zweeter Wochenhalschend rem däitlech méi waarem Loftmassen op Lëtzebuerg gezu kommen an de Kaltlufttropfen sech a Richtung Südost-Polen verzitt.
Animatioun: WXCHARTS.eu

Weider Aussiichten

Ufanks der neier Woch berechnen d’Modeller Temperature vu 27 bis 32 Grad. Kuckt een awer den aktuellen Ensemble, da schéngen d’Temperaturen duerno rem liicht zréckzegoen. Dëst awer just sou wäit, dass et sech awer ëmmer nach em summerlech Temperaturen handelt. Bis de 26. Juli sollt dësen Trend, Stand 11.07.2018 01:07 Auer, undaueren. Zäitgläich besteht awer ëmmer rem de Risk vu vereenzelte Schaueren oder kuerze Wiederen.