Trend: Summer huet Lëtzebuerg voll am Grëff

Et gi waarem Loftmassen aus dem Süden an eis Géigende gelenkt, wouduerch et rem richteg waarem zu Lëtzebuerg gëtt. Et ass mat schéi summerlechem, zäitweis souguer mat héichsummerlëchem Wieder ze rechnen.

Bis zu iwwer 30 Grad

Déi nächst Deeg präsentéiere sech vun hierer schéinster Säit. Et si nëmmen e puer kleng an harmlos Wollécken ënnerwee, d’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall. D’Temperature wärten am grousse ganzen zwësche 24 an 32 Grad leien. Duerch e frësche Wand, deen aus nordöstleche bis östleche Richtunge kënnt, hu mir wéinstens eng kleng Erfrëschung. An de Spëtzte kënnen zäitweis bis zu 50 km/h ereecht ginn.


Rem iwwerduerchschnëttlech waarem

Mir haate lo eng Zäit laang rem “normalt” Wieder. Mat normal sinn Temperaturwerter gemengt, déi weder am ze niddrëgen oder am ze héige Beräich leien. Demnächst wärt awer rem eng däitlech Anomalie bei eis antrieden. An der BeNeLux Géigend wärten d’Temperaturen 8 bis 12 Grad iwwert deem leien, waat vir dës Joereszäit normal wier. Hei d’Beispill vum aktuelle Modelllaaf vum amerikanësche Wiedermodell GFS vir d’nächst Woch den Donnëschden:

Grafik: wxcharts.eu

Et ka nach zu Ännerungen un der Anomalie kommen, mee et wärt wuel awer sëcher e bëssen ze waarem ginn.

De weideren Ausbléck

Wéieng Grafik weist besser wéi et weider goe kéint wéi en Ensemble? Déi iewecht Halschend vun der Grafik weist d’Temperatur, déi ënnecht de Nidderschlag. Et gesäit also ganz dono aus, wéi wa mir et bis de 4. Juli mat kaum Nidderschléi wärten ze di kréien. Och eis Temperaturen bleiwen am summerlëche bis héichsummerlëche Beräich. Eng gréisser Onsëcherheet klëmmt réicht nom 6. Juli, och wann et do ënner Ëmstänn trotzdem schéi waarem weidergoe kéint. Ech bleiwe vir Iech um Ball!

Grafik: meteociel.fr