
Den Tropestuerm NADINE ass e Samschden zu Belize u Land gaangen an ass iwwer Guatemala a Mexiko eriwwer an de Pazifik gewandert, wou en elo seng Identitéit gewiesselt huet. Wéi kann dat sinn?
Advertisement
D’NADINE ass Vergaangenheet
De Samschdemoien hat sech den Tropestuerm NADINE 180 Kilometer nërdlech vun Honduras an 190 Kilometer ëstlech vu Belize forméiert. De selwechten Owend ass en u Land gaangen, dat mat vill Reen an duerchschnëttleche Wandvitesse vu 95 km/h. Iwwert dem nërdleche Guatemala huet sech de Stuerm weider ofgeschwächt, e war op eemol just nach eng tropesch Depressioun.

D’Identitéit vum NADINE huet domat opgehalen, wéi d’Iwwerreschter vum Stuerm um Owend vum 20. Oktober bei Chiapas a Mexiko komplett a sech zesummegefall sinn. Mee wéi kann et da sinn, dass d’Iwwerreschter vu genee dësem Stuerm elo erëm konnten zu engem Hurrikan ginn? A firwat ass de Numm geännert ginn?
D’KRISTY ass mëttlerweil en Hurrikan vun der zweeter Kategorie
Reng vum Satellittebild sinn d’Reschter vum NADINE guer net méi siichtbar gewiescht, mee en Deel vun der Stréimung an Dréibeweegung ass awer iwwereg bliwwen. Dat war dunn Undriff genuch, fir dass aus dem System beim erauswanderen op den ëstleche Pazifik erëm konnt en Tropestuerm ginn. Offiziell a per meteorologescher Definitioun ass d’NADINE also komplett a sech zesummegefall, woubäi awer nach minimal Iwwerreschter dovun dofir verantwortlech sinn, dass sech duerno e neie Stuerm konnt forméieren. Dohier gëtt sech dann um nächste Numm an der Lëscht bedéngt, an dat war d’KRISTY.

Gëschter Owend hat sech d’KRISTY vun engem Tropestuerm zu engem Hurrikan verstäerkt, Stand aktuell huet en déi zweet Kategorie erreecht. Iwwer weiderhi waarme Gewässer an engem favorabelen Environnement ass domat ze rechnen, dass de Stuerm den Donneschdenowend zu engem Hurrikan vun der véierter Kategorie gëtt – déi zweet héchst op der Saffir Simpson-Skala. Et ass domat ze rechnen, dass de Stuerm e Méinde gutt 2.000 Kilometer ëstlech vun Hawaii a sech zesummefällt. Iwwer Land besteet also keng Gefor, et ass e sougenannte “Fish Storm”.