Tropen: FIONA elo Kategorie 4-Hurrikan, weider Stierm forméiere sech

Iwwerdeems den Hurrikan FIONA a Richtung Bermuda zitt, ginn et 3 weider Systemer déi sech an de nächste Stonnen an Deeg zu Tropestierm weiderentwéckele kënnen.

D’FIONA ass elo en Hurrikan vun der véierter Kategorie

De stäerkste Stuerm iwwert dem Atlantik ass de Moment d’FIONA, wat den 18. September Puerto Rico an och déi Dominikanesch Republik duerch zolitte Wand an immens Reequantitéite schwéier matgeholl hat. Puerto Rico war esouguer kuerzzäiteg komplett ouni Stroum. Den Dënschden ass de Kär vum Stuerm nëmme knapp laanscht d’Turks- a Caicosinsele gezunn – beaflosst goufen se awer trotzdem och zimmlech staark. En hat sech zu dësem Zäitpunkt zu engem Hurrikan vun der drëtter Kategorie weiderentwéckelt.


Déi aktuell Positioun vum FIONA an de weidere Parcours | Grafik: NOAA / NHC

Iwwert dem waarmen Atlantik konnt sech d’FIONA weider intensivéieren. Stand elo ass et en Hurrikan vun der véierter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala a befënnt sech ongeféier 1000 Kilometer ëstlech vu Miami, Florida. E generéiert an der Moyenne Wandvitesse vun 215 km/h, am Kär gëtt e Loftdrock vu 934 hPa gemooss. D’Wiedermodeller si sech driwwer eenz, dass de Stuerm an de nächsten Deeg seng Intensitéit bäibehält an e Freidemoie nëmme knapp westlech vu Bermuda laanschtzitt. Domat gemengt ass den Zentrum vum Stuerm, also de Kär. Bermuda wäert also trotzdeem an den Aflossberäich vun dësem staarken Hurrikan kommen.

Fir de 24. September berechnen d’Modeller, dass de Stuerm un der kanadescher Küst vu Nova Scotia ukënnt – dat dann awer a Form vun engem aussertropesche Wirbelstuerm.

Weider Stierm an der Pipeline

An den Trope ginn et dräi weider Gebitter, an deene sech an de nächste Stonnen an Deeg Tropestierm forméiere kënnen. Obwuel d’Depressioun mam Numm Invest 98L nach keen Tropestuerm ass, mécht en de Leit schonn gréisser Suergen. De Wiedermodeller no soll sech nämlech an 2 bis 5 Deeg en Hurrikan forméieren, deen iwwert d’Karibescht Mier a Richtung Golf vu Mexiko zéie soll. Fir dës Géigenden an och d’Küsten an dësem Beräich heescht et, d’News geneestens am Aen ze halen.


Den Atlantik bleift an de nächsten Deeg wuel aktiv | Grafik: NOAA / NHC

Desweidere gëtt et nach d’Depressioun Invest 99L, déi sech e puer honnert Kilometer west-südwestlech vun de Kap Verde befënnt. Dem National Hurricane Center (NHC) no besteet an de nächste 5 Deeg eng 40%eg Warscheinlechkeet, dass sech doraus en Tropestuerm forméiert.

Eng däitlech méi grouss Warscheinlechkeet fir d’Entwécklung vun engem Tropestuerm besteet fir e Gebitt mat Schaueren an Donnerwieder, dat sech nach iwwert der Westküst vun Afrika befënnt. Dem NHC no besteet an de nächsten 48 Stonnen eng 50%eg Warscheinlechkeet fir eng Entwécklung, iwwer déi nächst 5 Deeg esouguer 60%.

Tropestuerm GASTON stierft iwwert dem Nordatlantik

De GASTON befënnt sech westlech vun den Azoren a wäert sech an de nächsten Deeg zu engem aussertropesche Stuerm ofschwächen. Stuerm ass ze erwaarden, mee näischt méi wat un d’Kraaft vun engem tropesche Stuerm erukënnt.